D'asbl "Frënn vun der 9. Konscht" lancéieren zesummen mat Op der Lay eng nei Serie vun BD'en mam Titel "De Rescht vun der Geschicht", déi vu bekannte Lëtzebuerger BDs-Auteure geschriwwen a gezeechent gëtt.
Den 1. Album mam Titel "Här a Meeschter" vum Marc Angel gëtt den 18. Juni am Institut Pierre Werner virgestallt.
Buch Presentatioun an Diskussioun den 18.06 vun 19-20.30 Auer
mam Marc Angel a Sonja Kmec (Historikerin)
Moderation: Gérard Floener (RTL Lëtzebuerg)
Hei fannt Dir de Link fir Iech unzemëllen: https://www.vdl.lu/de/kalender/haer-a-meeschter
Een zweeten Album ass an Aarbecht a kënnt 2025 eraus.
De Rescht vun der Geschicht… ass dat, wat net an de Bicher steet. Queesch duerch d’Joerhonnerten a queesch iwwer Land geet et ëm Erliefnisser a Schicksaler, déi keen derwäert fonnt huet, opzeschreiwen. Dofir wësse mer och net, ob se sech genee esou – oder vläicht e bëssen anescht – zougedroen hunn.