21.01.2026 - Buchvirstellung "Um Horizont"

21.01.2026 - Buchvirstellung "Um Horizont"

An Zesummenaarbecht mam Cube 521 an dem Verlag Op der Lay stellt de Roland Meyer säin neit Buch “Um Horizont” vir.


Mëttwochs, den 21.1.2026 um 19.00 Auer am Cube 521 zu Maarnech


Roum, Boston, Côte d’Azur - Léift, Verlaangeren, Dout ...
An ëmmer nees d’Froen: Wiem seng Wouerecht liese mir elo just? Gëtt et d’Wouerecht iwwerhaapt? An, däerf ee Mann ee Buch schreiwen an deem dräi Fraen d’Haaptprotagonistinne sinn, eng Alkohol-krank, eng lesbesch an eng Schwaarz?

Zesumme mam Noémie Leer (Lecture, Gesang a Keyboards) a Mulles Scholtes (Gittar) verstréckt den Auteur a Museker Roland Meyer (Lecture, Gesang, Gittar, Bass a Perkussioun) d’Nolauschterer an ee Geflecht vun Undeitungen, Hallefwourechten a Gerüchter aus der Welt vu Film, Konscht, Literatur a Reesen.
Den Entrée ass fräi

 

Zurück zum Blog