Book Release: Roserei vum Cosimo Suglia de 6. Juni 2025 an der MK Bar Belval

Book Release: Roserei vum Cosimo Suglia de 6. Juni 2025 an der MK Bar Belval

De 6. Juni um 19:00 Auer invitéiere mir Iech häerzlechst op d'Buchvirstellung vum Cosimo Suglia sengem éischte Roman "Roserei" zu Esch/Belval an der MK Bar!

Léiert den Auteur kennen an entdeckt säin neit Buch, aus deem hie virliese wäert.

Och musikalesch ass eppes gebueden, StA & Shmogan Shogan suerge fir Hiphop-Beats an alternative Rock kënnt vun Deep Dive Culture.

Den Entrée ass gratis, d'Diere ginn um 19:00 Auer op a lass geet et um 20:00 Auer!

Mir freeën eis, Iech op der Book Release ze gesinn.
Zurück zum Blog