Zikelalarm
Zikelalarm
eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg
Product details
Product details
- Kabarett
- 1. Oplo 2015, 2. Oplo 2015
- Taschenbuch, 96 Säiten
- ISBN 978-2-87967-206-9 | ODL 179
- Sprooch: Lëtzebuergesch
eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg vum Roland Meyer
Mat Zikelalarm kënnt de Roland Meyer als Schoulmeeschter erëm bei säi Beruff zréck an zwar dës Kéier als Kabarettist. Datt hien och an där Spart gudd ass, konnt ee schonn a ville senge Bicher erausliesen an en och scho joerelaang op der Bühn live erliewen. Wann dann och nach grad d’Schoul – oder besser d’Reformen an der Schoul – engem sou gudd gefalen, da muss ee jo och de Leit dat matdeelen.
Net jiddereen huet matkritt, wat sech am Laf vun deene leschte Joeren do alles an der Schoul geännert huet, et sief dann, et huet ee selwer Kanner an der Schoul. Mä well jiddfereen, dee liese kann, awer do passéiert ass, ass et scho vläicht intressant ze gesinn, wann eng Persoun, déi matzendra steet, also op gudd Lëtzebuergesch en Insider, eis matdeelt, wéi sech dann elo eis Politiker d’Erzéiung hautesdaags virstellen, wann e Schouljoer kee Schouljoer méi duerstellt, mä elo alles an Ziklen opgedeelt ass.
Da bedeit den Titel Zikelalarm mat Sécherheet kee falschen Alarm. Mä gudd laache kann awer bei deem Buch jiddereen – ausser vläicht eis Politiker, mä do dauert et nach, bis déi d’Kompetenzsockelen erreechen ;-)
Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.