Claudine Muno
Claudine Muno
D’Claudine Muno (*1979) schafft haaptberufflech als Chargée d’éducation fir Musik a Schreiwen an engem Lycée. Säin éischt Buch „The Moon of the Big Winds“ huet hatt mat 16 Joer geschriwwen. Zënterhier huet hatt haaptsächlech Romaner verëffentlecht, op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch, ënner anerem „frigo” (Prix Servais 2004). Hire leschte Roman „Komm net kräischen” krut 2016 de Lëtzebuerger Buchpräis. Dernieft schreift hatt och Lidder a mécht Musik eleng oder mat verschiddene Bands, wéi The Luna Boots oder Monophona.
