Joël Adami
De Joël Adami (Joergang 1987) ass zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess. Zënter 2001 féiert hien een Blog ënnert dem Numm „Enjoying the postapocalypse“, wou hien ënnert anerem meeschtens kuerz Prosatexter op Däitsch präsentéiert. Tëscht 2007 an 2012 war hie Member vu „Les jeunes mélancoliques“, engem Grupp vu jonken Auteuren aus Lëtzebuerg. Wärend déi meescht vu sengen Texter online publizéiert gi sinn, goufe verschidde Kuerzgeschichten an Anthologië verëffentlecht. „Fassad a Substanz“ ass säin éischt Wierk op Lëtzebuergesch. Hien schafft bei der Wochenzeitung woxx, wou hien sech virun allem mat Ëmwelt- a Klimapolitik beschäftegt, mä awer och heiansdo iwwer sozial a kulturell Theme schreift. Ausserdeem co-moderéiert hien de lëtzebuergesche Sexpodcast „Méi wéi Sex“, dee bei Radio ARA diffuséiert gëtt.