• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Seit 25 Jahren der Verlag für Bücher und Musik in Luxemburg

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • 1191
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Bibliothek / Dem klenge Felix seng grouss Rees

Dem klenge Felix seng grouss Rees

Von Renée Weber

Dem klenge Felix seng grouss Rees
Lëtzebuerger Buchpräis 2009
14,90 €
  • Herausgeber: Robert Gollo Steffen
  • Ausgabe: 3. Auflage
  • Erhältlich in: Hardcover
  • ISBN: 978-2-87967-161-1
Im Webshop kaufen

Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch

faarweg illustréiert vum Renée Weber
Lëtzebuerger Buchpräis 2009 (Kannerbicher)

Op der Lay 543
2009, 2. Oplo 2009, 3. Oplo 2014, 30 Säiten, haard Deckelen


All Kannerbicher vum Renée Weber si bis elo souwuel bei den Elteren wéi bei de Kanner immens beléiwt, an dat schonn zënter sengem éischte Buch D’Ann Spann an de Rolfi Raup (4. Oplo). Och dat heitent Buch ass bannent engem Joer direkt an eng 2. Oplo gaangen an ass elo an der 3. Oplo.
Dëst Buch ass fir ganz kleng Kanner a weist deene mat dem Bicherwuerm Felix, wéi schéin a wäit een och a Gedanke reese kann — wann een an d’Bicher kuckt. Grad dofir huet och d’ULBP, Union Luxembourgeoise des Bibliothèques Publiques, dëst Buch mat ënnerstëtzt. An 2009 huet Dem klenge Felix seng grouss Rees de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbicher gewonnen.
De klenge Bicherwuerm Felix wunnt um Späicher, mä eréischt wéi en déi grouss Bibliothéik an der Stuff entdeckt, schmaacht hie vun all Buch, erliewt sou vill flott Saachen a bréngt et fäerdeg, datt herno seng ganz Famill a seng Frënn sech fir d’Bicher intresséieren. An natierlech ass dat Buch mat haarden Deckelen erëm vum Renée Weber selwer wonnerschéin a faarweg illustréiert ginn. D’Renée Weber huet och nach weider Bicher illustréiert, z.B. d’Erzielunge fir Kanner Kuul Lisi  a Pirik der Clown vum Danielle Frières, dem Roland Meyer seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich, Dem Kinnek säi Gaart an Iwwer der Leeder (nach e puer Bestseller!) oder fir déi grouss Kanner hannerwëtz mat bireschnëtz vum Roger Manderscheid.

Auszoch aus Dem klenge Felix seng grouss Rees:

An engem groussen Haus, ganz uewen
um Späicher, do wunnt an enger aler
Kartongskëscht dee klenge Bicherwuerm Felix
zesumme mat senger Famill, e puer Spannen an
enger klenger Maus.

Well de Felix en onheemlech virwëtzege
Bicherwuerm ass, mécht hien sech enges Daags
op der Wee, fir dat Haus, an deem si wunnen,
mol méi genee ze ënnersichen.

Hei ass d’Säit 6 aus Dem klenge Felix seng grouss Rees:


ReiheKinderbücher Verwendete Schlagwörter: Kinderbuch, Lëtzebuerger Buchpräis, Lëtzebuergesch, Reneée Weber

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2021 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum