• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Seit 25 Jahren der Verlag für Bücher und Musik in Luxemburg

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • 124
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Bibliothek / Bilansgespréicher

Bilansgespréicher

VonFränk Muno / Joël Rollinger / Chris Warszta

Bilansgespréicher
35 €
  • Herausgeber: Robert Gollo Steffen
  • Ausgabe: 1. Auflage
  • Erhältlich in: Hardcover
  • ISBN: 978-2-87967-227-4
Im Webshop kaufen

Sprooch: Lëtzebuergesch

Dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant gefillt

Op der Lay 186

2017, 104 Säiten, haard Deckelen, spiraléiert
32×25 cm

Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warszta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen.

All Text gëtt vun enger Illustratioun am «Urban Art»-Stil completéiert, déi op authentesche Plazen zu Lëtzebuerg an Zeen gesat ginn ass. D’Duerstellunge reeche vu Wandmolereien iwwert opgekleistert Zeechnungen bis hin zu kënschtlereschen Installatiounen, déi de Joël Rollinger realiséiert an de Fränk Muno an enger Foto festgehalen huet, ier se nees iwwermoolt oder ewechgeholl si ginn. Esou hunn d’«Bilansgespréiche» och e bëssen d’Nues vun engem Kënschtlerkatalog kritt.

Auszuch aus Bilansgespréicher

Wann dir kee kennt

Déi Annonce an der Zeitung ass eppes fir mech,
mäin Dramberuff läit endlech viru mir um Kichendësch.
Mee nondikass, ech hu schonn erëm dee falschen Diplom,
dat passt mir elo nees guer net an de Krom.

Egal, meng Mamm kennt de Bäcker aus dem Nopeschduerf,
hir Parteikaarten hunn zum Gléck déi selwecht Fuerf.
Dobäi nach de Schwoer vum Patron ze sinn ass ni fir d’Kaz,
sou verschaaft de Croissants-Néckel mir bestëmmt déi Plaz.

Zwou Woche méi spéit schloen ech erëm d’Zeitung op,
do fält mir vu Freed bal de Brëll an d’Lënsenzopp.
D’Plaz ass nei ausgeschriwwen, passt elo voll op meng Formatioun,
‘t gëtt direkt ugeruff a schonn hunn ech eng nei Professioun.

Wann et berufflech net esou leeft, da leet äre Kapp a Rou!
Souguer ouni Qualifikatioun sinn d’Carrièren ni ganz zou,
Hutt dir mol an der Schoul oder am Beruff gepennt,
muss dir zu Lëtzebuerg just ee kennen, deen ee kennt.


ReiheLiteratur, Lyrik Verschlagwortet mit:illustriert, Lyrik

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2021 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum