
- Editor: Robert Gollo Steffen
- Edition: 1. Auflage
- Available in: Hardcover
- ISBN: 978-2-87967-195-6
- Published: Januar 1, 2013
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch
faarweg illustréiert vum Renée Weber
Op der Lay 550
2013, 64 Säiten, haard Deckelen
No enger ganzer Rei erfolgräicher Bicher fir Kanner kënnt elo en neit vum Renée Weber: De Bopi Néckel fiert mat sengen 10 Kanéngercher an Holland op de Camping. Ma dat ka jo flott ginn. A genee dat gëtt et. Well um Camping trëtt och den Zauberer Sputnik op, mä virun allem verschwënnt ee Kanéngchen nom aneren, awer wouhin?
2009 hat d’Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kanner- a Jugendbicher kritt fir säi Buch fir ganz kleng Kanner Dem klenge Felix seng grouss Rees (2. Oplo). 2010 war de Bommel op der Shortlist vun de 4 beschte Kannerbicher beim Lëtzebuerger Buchpräis nomiméiert a beim Top-5 Liesspill vu Freed um Liesen. Scho mat sengem éischte Buch D’Ann Spann an de Rolfi Raup (4. Oplo) hat d’Renée Weber e Risesuccès. Am Dezember 2000 ass dat zweet faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber erauskomm: Alles wéinst dem Willi Wull (3. Oplo). Wann d’Buch D’Ann Spann an de Rolfi Raup Iech gefalen huet, wäert Dir och vun dësem Buch begeeschtert sinn.
Zënter Dezember 2005 kënnt Der och dat flott faarwegt Kannerbuch vum Renée Weber kréien: Muhna Lisa oder Den Dram vum Fléien (2. Oplo). Dëst Buch ass och op Däitsch Muhna Lisa oder Der Traum vom Fliegen (2. Auflage) an op Franséisch ze kréien Mouhna Lisa ou le rêve de voler (2e édition).
2007 ass Wou ass de Sam? erauskomm, e spannend Kannerbuch, wat vun Ierpeldenger Schoulkanner illustréiert gouf.
2013 ass en neit Kannerbuch erschéngen: De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz.
2016 krut d’Renée Weber de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kanner- a Jugendbicher fir Eng Maus am Haus, wat vu Kanner aus der Heischter Kannerstuff illustréiert gouf.
Enn 2017 ass Den Hu an dat klengt Gespenst erschéngen.
D’Renée Weber huet och nach weider Bicher illustréiert, z.B. d’Erzielunge fir Kanner Kuul Lisi (2. Oplo) a Pirik der Clown vum Danielle Frières, dem Roland Meyer seng Bicher Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo), Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) an Iwwer der Leeder (2. Oplo) oder fir déi grouss Kanner hannerwëtz mat bireschnëtz vum Roger Manderscheid.
Auszoch aus De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz:
Deen anere Mueren ass schonns ganz fréi Luucht am Bopi Néckel sengem Haus. De Rescht muss nach agepaakt an da muss alles am Auto verstaut ginn. Mä dat ass nach laang net sou einfach. De Bopi Néckel huet een zimlech klengen Auto, mä e ganze Koup Saache fir matzehuelen. Hie ka maachen, wat e wëll, et geet einfach net alles dran. De Bopi schweesst an ass scho ganz verzweiwelt.
«Wat soll ech da maachen? Ech brauch dat awer alles», wéimert hien. «Ech kann dach net de Fatzerten hier Muerten heiloossen.»
«Néckel, a wat ass da bei dir sou fréi scho lass, kanns du net méi schlofen?» Dat ass den Noper Jos, dee wéi ëmmer moies en Tour mat sengem Hond Norbert mécht.
«Oh Jos, du kënns grad zur richteger Zäit», seet de Bopi Néckel an en erkläert dem Jos säi Problem.
«Ma do kann ech der hëllefen», seet de Jos dunn, «ech léinen der einfach mäi Gepäckdréier fir op den Daach, da méchs de de Rescht do drop.»
De Bopi Neckel ass iwwerglécklech, well mat dem Noper Jos senger Hëllef geet alles duebel esou séier. Et dauert net laang an alles ass verstaut.
«Sou», seet de Bopi Neckel, «da feelen elo just nach meng kleng Néngien an da kann et lassgoen.»
«Wat?», rifft den Noper Jos, «du hëls dach net déi ganz Band Kanéngercher mat an d’Vakanz, geet et dann nach?»
«Ma sécher huelen ech si mat. Soll ech se vläicht ganz eleng heiheem loossen?», reegt de Bopi Néckel sech op. «Si gi mat, an domadder Basta.»
«Ma dat ka mer jo flott ginn», rëselt den Noper Jos de Kapp. (Den Hond Norbert rëselt och de Kapp.)
Dem Bopi Néckel ass dem Jos seng Meenung sou laang wéi breed, hien ass schonn amgaang, seng Kanéngercher am Auto ze verstauen.
De Jos denkt nach bei sech: «De Bopi Néckel gëtt mat de Joeren awer och ëmmer méi komesch.» Da wënscht hien dem Bopi a senge Kanéngercher nach eng schéi Vakanz a mécht sech mam Norbert séier fort.