
- Herausgeber: Robert Gollo Steffen
- Ausgabe: 1. Auflage
- Erhältlich in: Hardcover
- ISBN: 978-2-87967-222-9
Sprooch: Lëtzebuergesch
Biographesch-Historesches 1937-2015
Op der Lay 823
2017, 312 Säiten, haard Deckelen,
17,5×24,5 cm
Et ass sécher en Zoufall, datt de Verlag Op der Lay bannent kuerzer Zäit zwou Autobiographie kann erausginn, an zwar 2016 „E Liewensulaf” vum Jean-Paul Hurt an elo dëst Joer „Den Zoufall huet matgespillt” vum René Hübsch, woumat scho praktesch dee Buchtitel confirméiert gëtt. Béid Auteuren hunn hir Geschicht opgeschriwwen, well hir Kanner méi iwwert déi Joere wësse wollten, hunn als Professer enseignéiert a sinn och am selwechte Joer gebuer. Mä soss ass hiert Liewe ganz ënnerschiddlech verlaf.
Well mir an dëse Bicher awer och déi Joerzéngte matkréien, wéi aus Lëtzebuerg dat Land ginn ass, wou mir haut dra liewen, menge mir bei Op der Lay, dass déi Bicher ganz gewëss bei ganz ville Leit e sëllechen Erënnerungen opliewe loossen an dobäi och e geschichtlechen Abléck an déi Joere ginn.
Sou huet de René Hübsch säi wierklech interessant Liewe kuerz zesummegefaasst:
Kannerzäit am Krich, Primärschoul zu Ettelbréck, 7 Joer am Kolléisch zu Dikrech, Studien an der Stad an op der Sorbonne zu Paräis, Militärdéngscht um Härebierg, Stage an e puer Joerzéngten als Proff an Directeur adjoint am LCD, Veräinsliewen zu Ettelbréck, Bauen a Wunnen zu Angelduerf, Gemengepolitik zu Ierpeldeng, 10 Joer Asaz an der Chamber an am NATO-Parlement, am Educatiounsministère d’Reform vun der Erwuessenebildung a schliisslech eng ganz aktiv Pensioun.
Dozou ass d’Buch mat ville Fotoen aus dem Auteur sengem Privatarchiv illustréiert.
Wann ee sou vill erlieft huet an dat och nach op sou eng flott Manéier erziele ka wéi de René Hübsch, da wäert dat Buch sécher ganz vill Lieser iwwerzeegen.
Auszuch aus Den Zoufall huet matgespillt
Wou kënnt eis Familljen eigentlech hier?
Ech kann eigentlech nëmmen dat erëmginn, wat ech selwer an och mäi Brudder, den Nicky, recherchéiert hunn. Ech hu mäi Papp, den Toni Hübsch, net kannt. Hien ass am August 1937 u Kriibs (am Hals) gestuerwen, wéi ech just siwe Méint hat. Anscheinend war ech deen Dag immens granzeg. Déi Leit, déi sech ëm mech bekëmmert hunn, hu gemengt, ech géif mattraueren, awer den Dag drop hu se festgestallt, datt ech en Zant gemaach hat.
Wat meng Elteren ugeet, esou koume si aus zwee verschiddenen Ecke vum Land. Meng Mamm Catherine Flammang koum vun Uewerkolpech un der belscher Grenz a mäi Papp, den Toni Hübsch, war e Veiner Jong. Wéi déi zwee sech kennegeléiert hunn, weess ech net, awer et huet fonctionnéiert. Si hu sech bestuet an zu Ettelbréck niddergelooss. 1933 ass den Nicky op d’Welt komm an 1937 war et dunn u mir, fir an der Waarkerstrooss am nei gebauten Haus d’Familljen ze vergréisseren. Natierlech sinn et deemools nach keng Maternitéë ginn an ech sinn doheem an eisem Haus op d’Welt komm, mat Ënnerstëtzung vun der Hiewann, der Joffer Molter.
Et schéngt mir wichteg ze sinn, fir kuerz déi zwou Familljen, déi vu mengem Papp an déi vu menger Mamm, virzestellen. Mäi Papp war 1905 gebuer an en hat nach en eelere Brudder, mäi Monni Mett, deen 1901 gebuer war. Si sinn zu Veianen, oder, fir et an hirem Dialekt ze soen, zu Veinen opgewuess a si hunn allenzwee hirem Papp säi Beruff geléiert, näämlech Plafonnéierer. Domat louche si an der Traditioun vun den „Veiner Wäisserten”, déi am 19. Jorhonnert all Fréijoer duerch d’Éislek a bis eriwwer an d’Eifel (an d’Islek, wéi se do soen) an och an déi belsch Ardenne gewandert sinn, fir d’Haiser ze wäissen, d.h. se mat enger Couche Kallek unzesträichen a se esou ze sanéieren an ofzedichten. Déi dräi, de Papp a seng zwee Jongen, hu selbstänneg geschafft a se sinn dohinner gaangen, wou grad Aarbecht war. Esou si si nom Éischte Weltkrich, also 1919 an 1920, an d’Frankräich schaffe gaangen, a Lothringen a bis an d’Champagne, wou vill zerstéiert gi war a wou also och vill erëm opgebaut ginn ass. De Monni Mett huet mir erzielt, datt si eng Kéier an enger Kierch geschafft hunn, wou se sollten de Plaffong neimaachen. De Plaffong an d’Mauere ware knaschteg, plazeweis regelrecht schwaarz. Warscheinlech haten d’Zaldoten, déi do louchen, Feier gemaach. Wéi si ugefaangen hunn ze botzen, hu si gesinn, datt de Gips drënner intakt war. Well si wollten de Weekend emol erëm eng Kéier heemfueren, hu si alles propper gebotzt an eng liicht Couche frësche Gips op verschidde Plaze gemaach, esou dass alles wéi nei ausgesinn huet. Dodrophin hu si den zoustännegen Offizéier, deen d’Aarbechten iwwerwaacht huet, verstännegt. Deen huet sech dat Ganzt ugekuckt an huet se félicitéiert fir déi prompt a perfekt Aarbecht. En huet déi néideg Pabeieren ënnerschriwwen a si konnten an d’Pai goen. Mat Freed si se dunn heem op Veine gefuer.
Mäi Grousspapp, de Peeter Neekel, wéi mir e genannt hunn (e war dem Nicky säi Pätter), war bestuet mam Maria Hermes. Si koum vu Roudersen (Rodershausen). Ech hu si eigentlech net kannt, well si ass schonn 1940 gestuerwen. Ech weess awer vu menger Mamm, datt si scho wéinst menger mat hirer Schwéiermamm Sträit kritt hat. Wéi dat esou an de Familljen üüblech ass, wann dat éischt Kand e Jong ass, da gëtt gehofft, datt dat zweet e Meedche gëtt. Ech sollt also e Meedche ginn, an d’Groussmamm huet drop gehalen, datt ech misst hire Virnumm, also Maria, kréien. Domat war meng Mamm net averstanen. Wéi ech du schliisslech do war, hu meng Eltere mir de Virnumm René ginn, a well menger Mamm hire Papp, dee Péiter geheescht huet, Pätter ginn ass, hunn ech als zweete Virnumm Pierre kritt. A schliisslech, wéi mäi Papp op d’Gemeng gaangen ass, fir mech unzeschreiwen – esou hu se deemools gesot, wann e Kand op der Gemeng ugemellt ginn ass –, huet en och nach Mathias derbäigesat. Wéi et schéngt, hat en e bësse gefeiert an eng Kleng am Biz. En huet menger Mamm einfach gesot: „Ech hunn eise Mett och nach derbäigesat.” Ech heeschen also, mat mengem vollen Numm, Hübsch René Pierre Mathias. Meng Groussmamm – Maria Hermes – konnt sech awer net enthalen, fir menger Mamm duerzebäissen: „Gesäis De, well der Mutter Gottes hiren Numm Iech net gutt genuch war, hutt Der iwwerhaapt kee Meedche kritt!”