
- Herausgeber: Robert Gollo Steffen
- Ausgabe: 1. Auflage
- Erhältlich in: Taschenbuch
- ISBN: 978-2-87967-217-5
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kuerzgeschichten
nominéiert fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2017 (Literatur)
Op der Lay 183
2016, 136 Säiten
11,5×18,6 cm, broschéiert
Am Hierscht 2016 bréngt Op der Lay mat Eng Stad ënnert dem Himmel dem Gast Groeber säi 5. Buch eraus. Dës Kéier huet den Auteur seng Kuerzgeschichten ënnertenee verknëppt, wat ganz iwwerraschend fir de Lieser ass.
De Gast Groeber zielt mëttlerweil zu deene ganz Groussen an der Literatur a Lëtzebuerger Sprooch: Säi Jugendroman De Griss hat et direkt op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2011 gepackt.
Säi Roman Manu koum op d’Shortlist vum Lëtzebuerger Buchpräis 2013.
Am Hierscht 2013 koum eng Sammlung vun néng Kuerzgeschichten eraus: All Dag verstoppt en aneren. Dës Publikatioun huet an der Kategori Literatur de Lëtzebuerger Buchpräis 2014 gewonnen a gouf 2016 mat dem Europäesche Literaturpräis ausgezeechent.
Säi Roman aus dem Fréijoer 2015 Weekend mat Bléck op Fräiheet hat exzellent Kritike kritt a war och op der Shortlist fir de Lëtzebuerger Buchpräis 2015.
Et kann een also scho gespaant sinn op säin neit Buch.
Auszuch aus Eng Stad ënnert dem Himmel
Oh neen, elo och nach just dat do Lidd!
Säi Fanger wëllt schonn op d’Tast fir déi nächst Statioun drécken.
I’m the last cowboy in this town,
empty veins and my plastic broken crown
D’Ouer pecht un deene Wierder, de Fanger beweegt sech net méi.
Hie lauschtert elo nëmmen nach, probéiert d’Stoppluuchte virun him am Aen ze behalen. Waart op de Refrain, summt dee mat.
Säi Fanger wiesselt d’Richtung, dréckt elo op méi haart. Gläich kënnt dee gäile Gitarresolo!
Merde jo, dat Lidd!
Dat hat hien him dach als mp3 geschéckt, deemools!
Sou dacks haten si sech Maile geschriwwen, matenee gechatt – heemlech – duerch déi déck Hausmaueren derduerch, déi si vunenee getrennt haten.
Hatt hat him erkläert gehat, dass säi Mann hatt net méi bekucken, net méi upaken, lénks leie loosse géing.
Heemlech Rendez-vousen, Momenter voller Zäertlechkeeten, vertrauten Intimitéiten, an ëmmer erëm géigesäiteg Verspriechen, dass ee bestëmmt gläich zesumme kéim, sech fanne géif.
Nach e bëssche Gedold, hat hatt gesot, hatt a säi Mann hätten sech esou wäit ausernee gelieft, et wier just nach eng Fro vun der Zäit.
Aacht Méint laang war säi Liewen e bloen Himmel mat Sonn gewiescht.
Mee de Polizist muss iergendeppes gemierkt hunn. Näischt Geneeës, bestëmmt einfach nëmmen esou dat Gefill, dass seng Fra op eemol an der Schwief war, wäit ewech vun him.
Op jidder Fall war hatt enges Daags bei hie komm, ganz duercherneen, hat gesot, säi Mann géing erëm ufänken, hatt an den Aarm ze huelen, probéieren, hatt ze këssen. Hatt kéint déi Situatioun esou net méi packen, et misst mat deem schwätzen.
Et waren op eemol Wolleken un deem kloren Himmel.
D’Muecht vun der Gewunnecht ass net miessbar, mee meeschtens behält si d’Iwwerhand.
Iergendwann waren seng Noperen erëm zesummen an d’Vakanz gefuer, hien huet hatt bal net méi gesinn.
Den Zauber war fort, en décke Batz Liewe war him aus dem Kierper gerappt ginn. Deeg- a wochelaang nëmme Péng.
Seng Gefiller waren e gespléckte Fësch, mat glasegen Aen.
Eemol nach war en him zoufälleg op der Tankstell begéint. Hatt hat him dunn erzielt, dass säi Mann wëlles hätt, d’Haus ze verkafen, dass hien an der Stad no engem Appartement wéilt sichen, méi no bei senger Aarbecht, fir dass hie méi Zäit fir hatt hätt.
Hie weess net méi, wat en an deem Moment gesot hat. Vläicht, dass da jo erëm alles gutt géif ginn.
Hatt hat de Kapp gerëselt, kee Wuert geäntwert, sech ëmgedréint, war senger Wee gaangen.
Dat war déi leschte Kéier wou se sech gesinn haten.
Duerno näischt méi!
Hien hëlt de Fouss vum Gas.
D’Sortie net ze séier ugoen!
De Schnéimatsch sprëtzt laanscht d’Karosserie.
Um Radio mellen se déi éischt gréisser Problemer.
Accident op der A3, hannert der Aire de Berchem, dräi Ween sinn dra verwéckelt. An da kréie mir elo grad nach e Camion en panne gemellt, op der A6 a Richtung Stad, um Gaasperecher Kräiz.
Hien zierkelt säin Auto duerch de Schnéi op de Parking, setzt en op eng fräi Plaz, tëscht d’Strécher, déi vum Schnéi verstoppt sinn.