• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Seit 25 Jahren der Verlag für Bücher und Musik in Luxemburg

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Bibliothek / Glous

Glous

VonRoland Meyer

Glous
Neit Buch
16,90 €
  • Verlag: Op der Lay
  • Herausgeber: Doris Bintner & Eric Steffen
  • Ausgabe: 1. Oplo 2020
  • Erhältlich in: Täschebuch, eBook
  • ISBN: 978-2-87967-242-7
Am Webshop kafenAls eBook fir Amazon Kindle kafenAls eBook bei Apple iTunes kafen

Di nei Erzielung vum Roland Meyer, elo als Täschebuch an eBook!

Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng Plaz. Déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmmen, wat richteg a wat falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen.

Mee elo op eemol mierken d’Protagonisten, datt eppes an d’Rutsche kënnt, datt grouss Ännerungen op déi kleng Leit duerkommen, an datt et ni méi esou wäert sinn, wéi et eemol war. 

De Pascal ass esou ee Friemen, hien ass do ënnen aus dem Heim an en ass ganz anescht wéi mir. Hien akzeptéiert d’Reegelen net, déi zanter éiwegen Zäiten d’Duerf regéieren, seng brutal Direktheet stellt op eemol alles a Fro an d’Hëtzt vum Summer léist d’Gefiller opkachen.

De Roland Meyer hëlt eis a sengem bis elo perséinlechste Buch mat an eng Zäit, déi de Grondsteen geluecht huet, fir déi Welt, an dier mir elo liewen. Villes ass deemools verschwonnen a verluere gaang, mee d’Glous liicht ëmmer nach.

 

Ënner der Sonn hunn d’Haiser, an diene mir gewunnt hunn, gegloust, do ware mir zu diem ginn, wat mir elo waren, an een Deel vun der Glous hate mir an eis dran an hu se matgeholl, e Liewe laang wäert se bestëmmen, wat mir maachen oder si loossen, wat mir wëllen, ustriewen, wat fir eis richteg a wat fir eis falsch ass. Heiansdo gëtt déi Glous an eis ugeblosen, da schéissen d’Flamen an d’Luucht, an heiansdo hues de se bal vergiess, da weess de emol net méi, wat an dir brennt a firwat s du brenns.


ReiheErzählungen, Literatur Verschlagwortet mit:2020, Erzielung, Glous, Lëtzebuergesch, Luxemburgensia, Roland Meyer

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2021 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum