
- Verlag: Op der Lay s.à r.l.
- Herausgeber: Doris Bintner & Eric Steffen
- Ausgabe: 1. Oplo 2020
- Erhältlich in: Täschebuch, eBook
- ISBN: 978-2-87967-245-8
Iwwerliewen
Roman
_
Synopsis
An der Geschicht (oder besser gesot an de Geschichten) struewelen op den éischte Bléck grondverschidde Personnagen duerch d’Liewen, op der Sich no Sécherheet a Léift. Am Zentrum steet de jonke Romain, deen seng Elteren op eng onglécklech Manéier verluer huet an elo e Sënn am Liewe sicht.
De Muhammed aus Syrien huet och vill verluer, a versicht en anert Liewen an engem frieme Land opzebaue – ma de Wee bis op Lëtzebuerg ass nach wait! An da sinn do nach d’Fiona, d’Gosia, d’Talia, den Chadi al-Hallak, den Ali, den Néckel, de Bruno, de Mowrinski an den F.K. An nach vill méi Personnagen, déi sech duerch d’Liewe kämpfen oder anerer schäissen dinn… Léiert si kenne Lieser a Lieserinnen, et lount sech, a – spoiler alert! – et gëtt en happy end!
_
Extrait
1882. Italien. Genua. De visionäre Geschäftsmann Cavalier Enrico Piaggio keeft e risegt Grondstéck zu Sestri Ponente, an der Géigend vu Genua, un der italienescher Riviera. Fir d’éischt ass et en einfacht Holzlager, spéiderhi gëtt do Material fir de Schëffbau produzéiert. U sech ass d’Fabrick och de Grondsteen fir déi éischt Vespa, déi 1946 vum Lafwierk rullt. Den Enrico hat méi Erfolleg wéi dem Abi säi syreschen Businessplang. Spéider méi dovun, vum Néckel/Raymond/Romain senger Vespa, elo fuere mer emol zréck bei den John Merrick, den Elephant Man.