• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Säit 30 Joer der Literatur verschriwwen.

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Bibliothek / Monster Malya

Monster Malya

Von Roland Meyer

Monster Malya
Neit Buch 2023
16,90- €
  • Verlag: Op der Lay s. à r. l.
  • Herausgeber: Doris Bintner & Eric Steffen
  • Ausgabe: 1. Oplo 2023
  • Erhältlich in: Täschebuch
  • ISBN: 978-2-87967-264-9
  • Veröffentlicht: April 23, 2023
Am Webshop kafen

Dat neit Kannerbuch fir erwuesse Leit vum Roland Meyer:

Monster Malya

D’Malya ass grad emol 12 Joer al, awer an dësen 12 Joer schonn zu engem „Monster” ginn.

Esou gesäit dat op alle Fall säin Ëmfeld: seng Jofferen a Schoulmeeschteren, d’Personal aus der Maison relais an och all déi aner sëlleg Leit, déi sech ëm hatt a seng Famill bekëmmeren. D’Malya stéiert de System, duerch seng Roserei, seng Onugepasstheet, seng Stuerheet, seng Gewaltausbréch. An der Schoul huet hatt keng Frënn, a mat senger Famill wëllt keen sech ophalen.

Wéi hatt mat sengen dräi Schwësteren an der Mamm virun engem vun där hire villen Amanten huet misse fortlafen, verstoppen si sech am Bësch a geroden do an een Donnerwieder. D’Malya gëtt vu senger Famill getrennt a kënnt schliisslech bei e Buer, an deem de Goldie lieft, ee Goldfësch, mat deem hatt ganz frou ass, deen hatt awer viru laanger Zäit do ausgesat hat.

 

Extrait:

Firwat bass de heihinner komm, Malya?

Goldie, neen, ech hu keng Loscht, Mann! Net elo.

An ech hu keng Loscht, nach eng Kéier sechs Méint ze waarden. Malya, Goldfësch si virwëtzeg a liewen net esou laang wéi Mënschen.

Neen, am Eescht, ech hunn elo kee Bock, engem Goldfësch ze verklickeren, wat déi lescht zwee Deeg lass war. Vergiess et! Dat ass ze komplizéiert fir dech!

Dann eeben net. Ciao Malya!

A fort ass en. Verschwonnen, ënnert engem Steen. Ech doe meng Flip Flops aus a klammen an dat äiskaalt Waasser vum Ale Buer. Ale Buer, esou heescht déi schäisskal Quell wierklech, an déi ech de Goldie virun zwee Joer ausgesat hat. Ale Buer. Mann, voll lescht Joerdausend! Hanne bei enger Fielswand kënnt d’Waasser erausgelaf, eng Quell eeben, et spruddelt, blubb blubb blubb. Do virdrun ass ee grousst Becken, mat Sand um Buedem a Steng an esou, an do dra wunnt de Goldie elo.


ReiheJugendbücher, Kinderbuch für Erwachsene, Literatur Verwendete Schlagwörter: 2023, Jugend, Kannerbuch fir erwuesse Leit, Problem, Roland Meyer, Roman

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2023 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum