
- Verlag: Op der Lay
- Herausgeber: Doris Bintner & Eric Steffen
- Ausgabe: 1. Oplo 2019
- Erhältlich in: Täschebuch, eBook
- ISBN: 978-2-87967-237-3
Den neie Roman vum Claudine Muno, elo als Täschebuch an eBook.
D’Leit si sech eens, dass nëmmen ee vun de Bridder et wäert zu eppes bréngen. Am Moment wier et am séchersten, säi Geld op de Simon ze wetten. Hien ass Sportler an e gudde Schüler an hie weess dat Bescht aus deem Wéinegen ze maachen, wat d’Liewen him an d’Hand gedréckt huet. Hie weess sech ze hëllefen, a wann et muss sinn, hëlleft hien och nach all deenen aneren. D’Leit si sech eens, dass et mat engem vun de Bridder kéint schif ausgoen. Am Moment gesäit et esou aus, wéi wann dat misst de Panda sinn. Hien huet eréischt 8 Joer, dofir kann een nach net ganz sécher sinn, mee wahrscheinlech ass et schonn.
Auszug aus Sou wéi et net war:
1
De Louis hieft d’Hand, mécht eng Fauscht an zéckt da kuerz, ier hien un dem Simon seng Dier klappt. Jiddweree weess, dass säi Brudder net däerf gestéiert ginn, wann hien Nohëllef gëtt.
„Simon.”
„Net elo.”
Et kléngt net rosen. De Simon seet ëmmer alles genee sou, wéi hien et mengt. A well seng Wierder fir sech schwätzen, brauch hie sech net och nach Méi ze gi mam Tounfall. Haut awer kënnt et dem Louis vir, wéi wann de Simon nach méi hätt wëlle soen, e puer Wierder, déi verluer ginn tëscht dem Bannenzegste vun der Kummer an dem Gank, an deem de Louis steet a lauschtert.
„De Panda ass gefall”, seet de Louis. „En huet sech eppes gebrach.” Dann hannendrun, fir sécher ze goen:
„Mengen ech.”
Wann de Louis mam Simon schwätzt, da fillt hie sech wéi deemools als Kand, wann hie probéiert huet, e Plastiksball vum Buedem opzehiewen an en amplaz dovu mat senge Féiss bei all Versuch e Stéck vun sech ewech gedréckt huet. All Kéiers, wann de Louis sech mat senge 15 Joer haut nach kannereg oder onverstänneg behëlt – an e mécht et ni express, et geschitt einfach esou – da réckelt dee Moment, an deem de Simon hien endlech wäert eescht huelen, och e Stéck méi wäit ewech.
Da geet d’Dier op, fir d’éischt nëmmen e Spléck breet. Dem Louis fält direkt op, dass de Simon e bësse manner blatzeg ausgesäit wéi soss, et kéint ee souguer bal behaapten, dass seng Bake liicht rout blénken. De Simon ass deen eenzege 17jähregen, dee vum Léieren eng gesond Gesiichtsfaarf kritt. Et geet him net ëm d’Suen, déi hie mat der Nohëllef verdingt, well souwäit de Louis weess, gëtt hien ni Sue fir eppes aus, an och net ëm d’Freed un der Besserwësserei, mee haaptsächlech dorëm, dass hie wéinstens wärend där hallwer Stonn kee grousse Brudder muss sinn.
„Huet hie sech dann elo eppes gebrach oder net?”, freet de Simon.
„Op alle Fall jäizt hie wéi um Spiess.”
Et wonnert de Louis, dass de Simon dat net héieren huet. Aus der Kummer kënnt lues Musik. Dat ass ongewéinlech, well de Simon ni Musik lauschtert, scho guer net, wann hien Nohëllefsstonne gëtt.
„Ech kommen.”