• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Seit 25 Jahren der Verlag für Bücher und Musik in Luxemburg

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Bibliothek / Tel Mo

Tel Mo

VonRoland Meyer

Tel Mo
Lëtzebuerger Buchpräis 2017
14,90 €
  • Herausgeber: Robert Gollo Steffen
  • Ausgabe: 1. Auflage
  • Erhältlich in: Paperback
  • ISBN: 978-2-87967-221-2
Im Webshop kaufenAls eBook bei Apple Books kaufenAls eBook für Amazon Kindle kaufen

Sprooch: Lëtzebuergesch
E Kannerbuch fir erwuesse Leit

Lëtzebuerger Buchpräis 2017 (Kanner- a Jugendbuch)
nominéiert fir de Servais-Präis 2018

Op der Lay 185
2017, 168 Säiten


An engem Interview mat der Buchbloggerin Jessica Mersch seet hien: «Well nëmmen erwuesse Leit dës Texter verstoe kënnen, nennen ech se Kannerbicher fir erwuesse Leit. Dobei huet „erwuessen“ näischt mam Alter ze dinn. Vill Leit si scho mat zing Joer erwuessen, anerer sinn et och mat fofzeg nach net. Esou Bicher setzen eng gewëss Ofgekläertheet, Geloossenheet an Distanz beim Lieser viraus, déi esougenannte „groussjäreg“ Leit nach laang net ëmmer hunn, dacks iewer Kanner a Jugendlecher.»

Ab dem Cycle 4 vun der Grondschoul an an de Lycéeën ass dëst Buch deemno ze liesen. Et ass iewer och allen erwuessene Leit, déi mat Kanner ze dinn hunn oder mat hinne schaffen, un Häerz geluecht: Elteren, Enseignanten, Proffen, Educatricen an Educateuren …

Den Telmo ass no villem Hin an Hier an engem „Foyer fir Kanner mat Verhalensopfällegkeete“ geland, well en eppes Schlëmmes gestiicht huet. Do begéint hien dem Pit, dien am Foyer schafft, a vläicht dien éischten ass, dien den Telmo eescht hëlt. An hie begéint dem Selina, dat mat sengen Elteren aus dem Maroc fortgaangen ass, fir hei zu Lëtzebuerg besser kënnen ze liewen. Den Telmo, die portugisesch Elteren huet, iewer kee Portugisesch schwätzt, diem de Papp an een Doheem feelen, léisst hei am Foyer nach eng Kéier seng Kandheet Revue passéieren. An do wonnert ee sech, wat esou ee Kand vun 12 Joer schonns alles erlieft huet.

De Roland Meyer beschreift d’Zerrassenheet vun engem jonke Mënsch zwësche Lëtzebuerg a Portugal, zwëschen diem „alen, richtege Papp“ an der „Mamm hirem Neien“, zwëschen zwou Kulturen an der Hoffnung op eng besser Zukunft souwéi der Angscht virun diem, wat op en zoukënnt.


 Auszoch aus Tel Mo

Kann dat alles nach gutt ausgoen?
Et gëtt Situatiounen, do spiert een, datt een net méi lieweg draus erauskënnt. Dat Eenzegt, wat mir nach hëllefe kéint, wier een Ausserierdeschen, dien aus dem Näischt opdauche géif an entweder all meng Feinde mat sengem Léiserschwäert ausschalte géing oder mech a sengem RaumschëV an den onendleche Wäite vum Universum a Sécherheet brénge géif. Oder de schwaarze Ritter, de Batman!
Mee zanter ech esou al si wéi ech elo sinn, gleewen ech net méi u gréng Männercher, Prënzen oder Kleesercher. Et war nach ni Verlooss op si. Ëmmer wann ee si gebraucht huet, wann ee si wierklech néideg hat, da ware se net do, verhënnert, haten aner, besser, a méi wichteg Saachen ze dinn.
Ech weess net, ob dat bei iech och esou ass, mee bei mir ass bis haut nach ni e gudde Geescht aus der Fläsch opgedaucht, wann ech schlecht drop war, net wéi mäi Papp zréck a Portugal gaangen ass, net wéi meng Mamm hiren „Neien“ bestuet huet, an och net, wéi ech sëtze bliwwe sinn …
An elo dat hei!
Fodes!
Mee vläicht hunn ech besser, guer net unzefänke mat Verzielen, a wat ech elo eragerode sinn, well fir normal Schüler ass dat net ze verstoen. Déi kënne sech guer net virstellen, datt et esou eppes iwwerhaapt gëtt, datt esou eppes net erfonnt, mee richteg a wierklech geschitt ass.
Jo, o.k., ech hu vill Fantasie. Meng Ex-Frëndin huet dat super fonnt, meng Mamm fënnt dat onméiglech an d’Ana an der Schoul fënnt dat heiansdo gutt an heiansdo net esou gutt. Mam Pit hunn ech nach net doriwwer
geschwat.
D’Ana an der Schoul, d’Joffer Ana, ass och Portugisin. Mee ech mengen net, datt dat ee Virdeel ass. Wann hatt rosen ass, brëllt hatt richteg haart mat mir. Wann d’JoVer, also meng richteg Joffer, déi mat eis léiert, rose mat mir ass, seet si näischt, si schwätzt dann net mat mir, seet héchstens, datt ech eng Strof schreiwe muss, soss näischt. Ech hunn dat léiwer. Ech hunn net gär, wann ee mat mir brëllt. Dat mécht mech rosen … an traureg. Ech ka Brëllen net ausstoen.
Hatt wëllt och net, datt ech „hatt“ zu him soen. Ech soll Ana soen. Mee d’Strof schreiwen ech net. Och wann hatt da brëllt.
Wéi mäi Papp a Portugal goung, hat ech sechs Joer. Oder aacht. Hien hat sech ëmmer gutt ëm mech gekëmmert. Hie war ni rose mat mir. Hien hat ni gebrëllt. Hien ass ëmmer schaffe gaangen an hien hat Sue verdéngt.
Mir waren och eng Kéier an d’Vakanz, mam Fliger, a Portugal geflunn, boaw, op Lisboa. Do hate mir bei Kollege vu mengem Papp gewunnt a mir waren de Futtball kucken. 3-1 hat Benfica gewonn. Dir kënnt iech net virstellen, wéi vill Leit am Stadion waren a wat dat e Kaméidi war, wann ee Goal gefall ass:
Goooooooooooooooooooooaaaaaaaaaaaaaaaaaaaaal!


ReiheJugendbücher, Kinderbuch für Erwachsene, Kinderbücher, Literatur Verschlagwortet mit:Buchpräis 2017, E Kannerbuch fir erwuesse Leit, Roland Meyer, Servais-Präis 2018

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2021 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum