
- Herausgeber: Robert Gollo Steffen
- Ausgabe: 1. Auflage
- Erhältlich in: Taschenbuch
- ISBN: 978-2-87967-216-8
Sprooch: Lëtzebuergesch
een Dag am Liewe vun engem Enseignant
Fotoe vum Claude Sibenaler
Op der Lay 182
2016, 112 Säiten
Den Zikelalarm war e ganz grousse Succès a läit dofir och an der 2. Oplo vir. Mä de Roland Meyer war och mat engem weidere Liesprogramm ënnerwee, deen een och mat der Schoul ze dinn hat an deen hien dowéinst Zikelalarm II genannt hat.
Also huet Zikelalarm II och mam Beruff vum Schoulmeeschter ze dinn. De Roland Meyer gesäit dat natierlech erëm e bëssen aus der Siicht vum Kabarettist. Oder vermësche sech dach net dacks do Kabaret a Wierklechkeet?
Am Virwuert schreiwt de Roland Meyer:
„Zikelalarm” ass fir mech mëttlerweil méi wéi een Text, dien ech mat vill Freed virliesen. „Zikelalarm” huet fir mech d’Zil, op eng vill méi lëschteg a geloossen Aart a Weis iwwer d’Schoul, de Schoulsystem, d’Schoulpolitik, d’Schoulpersonal an iwwert mech … nozedenken. Dacks hunn ech den Androck, datt mir all vill zevill iwwer d’Schoul streiden an ze wéineg iwwert si nodenken.
A genee dat bestätegen déi meescht Réckmeldungen, déi ech zum „Zikelalarm” krut. An ech krut a kréien der immens vill! Bei kengem Buch, bei kengem Kabaretsprogramm a bei kengem Theaterstéck hunn ech och nëmmen usazweis esou vill „Feedback” kritt. Dat fannen ech an diem Sënn interessant, well et weist, datt ee ganze Koup Leit een neien, méi of- oder och opgekläerten, méi ironeschen, mei erwuessenen Zougank zum Thema sichen. Jo, sech selwer och emol op den Aarm huelen, iwwer sech selwer laachen an zu sech selwer op Distanz goen, dat deet villen op diem verminnten Terrain vu Bildung an Erzéiung terribel gutt.
Huet den „Zikelalarm I” sech virun allem mat diene „Miriarde Reformen” a Reförmercher beschäftegt, déi méi oder manner naiv, an an der kompletter Ignoranz vu méigleche Konsequenzen, op Orbit gesat goufen, beschäftegt, esou huet den „Zikelalarm II” den Alldag vum Enseignant zum Thema.
De Roland Meyer huet joerelaang mat senge Kannerbicher op Lëtzebuergesch fir Bestseller gesuergt, mä wéi gudd hien och fir Erwuessener schreiwe kann, huet hien och scho gewisen, well fir säin éischte Roman Muedebëtzeg (3. Oplo) krut hien 2013 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2015 de Servais-Präis fir Roughmix, säin zweete Roman op Lëtzebuergesch.
Auszuch aus Zikelalarm II:
A grad esou deplacéiert huet meng Klass sech och ugefillt, oder besser … ausgesinn, wei ech endlech ukoum: Du hues gemengt, eng Bomm hätt
ageschloen!
D’Jacketten an d’Schoulsäck vu menge Schüler waren iwwer de Buedem verstreet, déi schéin U-Form vun de Bänken hat sech zu engem eenzege
Chaos verbéit, de Krunn ass gelaf an de Waassersteen ass iwwergelaf, an dat, well den Offloss fir déi xte Kéier dës Woch mat dienen houere Pabeiersfatzen, mat dienen sech d’Kanner d’Hänn ofbotze sollen, verstoppt war, d’Feelerkarteikaartekëschte samt Inhalt waren duerch de Sall verstreet, d’Pauseschmiere louchen um Buedem a waren zu Mätsch plattgetrëppelt, d’Jongléierbäll, déi ech extra fir eisen Zirkusprojet nei akaaft hat, si wéi Kanounekugelen duerch de Sall geflunn an op der Tafel ware schätzungsweis 200 000 Penisse gemoolt.
„Dat war de Rocco-Blue!”, sot d’Cheyenne, wéi ech an der Dier opgedaucht sinn.
Ech hunn de Mond opgemaach fir ze brëllen, mee beim Ubléck vun diem krassen Dreckstipp, die gëschter nach mäi Schoulsall war, huet meng Stëmm versot.
Ech sinn also mat stoescher Rou bis bei mäi Stull bei d’Pult getierkelt a wollt mech sëtzen.
Am leschte Moment hunn ech iewer gemierkt, datt op der Sëtzfläch vun diem Stull eist Klassemierschwéngche mat senge Klenge louch. Et muss an der Nuecht gejéngert hunn, gëschter waren déi nach net op der Welt. Ech stung also nieft dem Pult an hu verstéiert an d’Klass gestierkt.
Spéitstens elo huet et mir leed gedoen, datt ech de Muere kee Müsli kritt hat.
„Sëtzen!”, sot ech.
Wéi ech et fäerdegbruecht hunn, dëst eenzelt Wuert verstänneg a verständlech iwwert meng dréche Lëpsen ze kreien, konnt ech och dem Dokter am Spidol aacht Stonne méi spéit net genee erklären, mee et huet geklappt.
Grad an diem Moment huet och d’Corinne, hatt ass d’Joffer aus dem Sall nieft mengem, de Kapp eragestreckt: „Kanns du net e bësse méi lues maachen? Meng Kanner kréien sech beim Test net konzentréiert.” Wéi hatt de Chaos a menger Klass gesinn huet, war hatt iewer séier nees verschwonnen. Allerdéngs hätt ech elo grad seng kollegial a professionell Mataarbecht gutt gebrauche kënnen. Mee esou ass dat dacks ënner Aarbechtskollegen, wann een se emol brauch, hu se keng Zäit.
Wat Kanner a fënnef Minutten net alles op d’Kopp geheie kënnen! Kaum ze gleewen!