
- Herausgeber: Robert Gollo Steffen
- Ausgabe: 2. Auflage
- Erhältlich in: Taschenbuch
- ISBN: 978-2-87967-206-9
- Veröffentlicht: Januar 1, 2015
Sprooch: Lëtzebuergesch
eng kabarettistesch Liesung iwwer d’Erzéiung zu Lëtzebuerg
Fotoe vum Claude Sibenaler
Op der Lay 179
2015, 2. Oplo 2015, 96 Säiten
Den Zikelalarm läit elo schonn an 2. Oplo vir.
De Roland Meyer huet joerelaang mat senge Kannerbicher op Lëtzebuergesch fir Bestseller gesuergt.
Wéi gudd hien och fir Erwuessener schreiwe kann, huet hien och scho gewisen, well fir säin éischte Roman Muedebëtzeg (3. Oplo) krut hien 2013 de Lëtzebuerger Buchpräis an 2015 de Servais-Präis fir Roughmix, säin zweete Roman op Lëtzebuergesch.
Mat Zikelalarm kënnt hien als Schoulmeeschter erëm bei säi Beruff zréck an zwar dës Kéier als Kabarettist. Datt hien och an där Spart gudd ass, konnt ee schonn a ville senge Bicher erausliesen an en och scho joerelaang op der Bühn live erliewen. Wann dann och nach grad d’Schoul – oder besser d’Reformen an der Schoul – engem sou gudd gefalen, da muss ee jo och de Leit dat matdeelen.
Net jiddereen huet matkritt, wat sech am Laf vun deene leschte Joeren do alles an der Schoul geännert huet, et sief dann, et huet ee selwer Kanner an der Schoul. Mä well jiddfereen, dee liese kann, awer do passéiert ass, ass et scho vläicht intressant ze gesinn, wann eng Persoun, déi matzendra steet, also op gudd Lëtzebuergesch en Insider, eis matdeelt, wéi sech dann elo eis Politiker d’Erzéiung hautesdaags virstellen, wann e Schouljoer kee Schouljoer méi duerstellt, mä elo alles an Ziklen opgedeelt ass.
Da bedeit den Titel Zikelalarm mat Sécherheet kee falschen Alarm. Mä gudd laache kann awer bei deem Buch jiddereen – ausser vläicht eis Politiker, mä do dauert et nach, bis déi d’Kompetenzsockelen erreechen!
Auszuch aus Zikelalarm:
Lifelong learning: Dir wësst jo all, wéi dat geet! Et kënnt een dohinner, 20 Persoune sëtze genéiert an engem grousse Krees a mussen sech der Rei no virstellen. Do héiert een dann 20 Mol dieselwechte Saz, dien dien Éischtgefrote sech zesummegebastelt hat, an um Enn hues du all d’Nimm nees vergiess.
Dann eng kuerz Introduktioun vum deier bezuelten ausläneschen Expert an dono…: Aarbechtsgruppen. Ouni Aarbechtsgruppe leeft beim Life-long Learning guer näischt. Déi, déi sech kennen, stellen sech de Batti, fir beieneen ze kommen. Déi aner kucken, fir een ze fannen, dien no äifregem Schaffen ausgesäit; die kann dann déi ganz Aarbecht maachen.
No 3 Stonnen daucht den Expär dann nees op an da kënnt dat Bescht: All Aarbechtsgrupp stellt seng Aarbecht vir: Do kriss de eppes ze laachen, do schwätzen da ganz normal Leit op eemol, wéi wa se vun alle gudde Geeschter verlooss wieren. Dien auslänneschen Expär, dien elo mécht, wéi wann en alles géing verstoen, fënnt dat dann och nach gutt. Do amëséieren ech mech ëmmer am beschten – bis ech selwer dru kommen…
A wann s de da ganz vill Pech hues, a wann nach Zäit bleift, da kënnt elo mat absoluter Sécherheet nach e Rollespill. Ech hu bis haut nach net verstanen, firwat esou ee Rollespill gutt soll sinn. Op alle Fall behëlt sech do jiddereen esou, wéi en sech ni am normale Liewe behuele géif. Definitiv net! Ech erwëschen ëmmer d’Haaptroll, well déi Clever sech déi kleng Rollen direkt ënner den Nol gerappt haten. An da kann ech mech, zum Amusement vum ganze Sall, fir déi nächst zéng Minutten zum Klon maachen.
Well den Expert die leschten Zuch nach muss kréien, bleift keng Zäit méi, fir d’Rollespill ze diskutéieren an auszewäerten, a mir ginn alleguer mat engem Zertifikat an der Hand entlooss.
Wann ech da kuerz drop mäi Computer doheem umaachen, wat fannen ech do: Een Evaluatiounsziedel, op diem ech op 200.000 verschidde Manéiere muss ukräizen, wéi gutt dien Expär alles gemaach huet a wat die Cours mir alles bruecht huet.