D’Walfer Bicherdeeg waren dëst Joer ee grousse Succès fir eis a mir gratuléieren dem Claudine Muno vu ganzem Häerze fir de Buchpräis 2023 an der Kategorie “Literatur”!
“Dëst ass net säi Liewen” kënnt Dir natierlech bei eis am Webshop bestellen.
Am Webshop sinn och elo direkt 3 nei Bicher, déi mir elo am Hierscht erausbruecht hunn an déi sécherlech di richteg Lektür fir di kal Hierscht- a Wanterdeeg sinn.
Dës 3 Bicher sinn:
- Ditteridi, e satirescht Märche vun der Neister Generatioun vum Charel Meder
- Fassad a Substanz, den Debut-Roman vum Joël Adami
- Blaustufen, en humorvollen a provokative Roman vum Faby Schintgen
An “De Mann aus dem Séi” ass elo an der 3. iwwerschaffter Oplo och erëm op Lager.
Natierlech gëtt et eis Bicher net nëmmen hei am Webshop mee och an all gudder Librairie zu Lëtzebuerg.
Impressioune vu Walfer














