• Skip to main content
  • Skip to secondary navigation
  • Zur Fußzeile springen

Op der Lay

Säit 30 Joer der Literatur verschriwwen.

  • Home
  • News
  • Bücher
  • Kontakt
    • Uns kontaktieren
    • Manuskripteinsendung
  • Shop
    • Alle Bücher
    • Mein Konto
    • Warenkorb
    • Zur Kasse
  • Kinderbücher
  • Jugendbücher
  • Monographie
  • Literatur
  • Alle Bücher
Aktuelle Seite: Startseite / Neues Buch / Neit Kannerbuch fir erwuesse Leit: Monster Malya vum Roland Meyer

Neit Kannerbuch fir erwuesse Leit: Monster Malya vum Roland Meyer

April 23, 2023 von Op der Lay

Den 23. Abrëll 2023 um “Fest vum Buch” zu Beetebuerg am Schlass hu mir dem Roland Meyer säin neit Buch “Monster Malya” virgestallt.

Elo ass et bei eis am Webshop a geschwënn och an de Librairien.

Et handelt sech, wéi och scho beim “Tel Mo”, em ee Kannerbuch fir erwuesse Leit.

Firwat bass de heihinner komm, Malya?

Goldie, neen, ech hu keng Loscht, Mann! Net elo.

An ech hu keng Loscht, nach eng Kéier sechs Méint ze waarden. Malya, Goldfësch si virwëtzeg a liewen net esou laang wéi Mënschen.

Neen, am Eescht, ech hunn elo kee Bock, engem Goldfësch ze verklickeren, wat déi lescht zwee Deeg lass war. Vergiess et! Dat ass ze komplizéiert fir dech!

Dann eeben net. Ciao Malya!

A fort ass en. Verschwonnen, ënnert engem Steen. Ech doe meng Flip Flops aus a klammen an dat äiskaalt Waasser vum Ale Buer. Ale Buer, esou heescht déi schäisskal Quell wierklech, an déi ech de Goldie virun zwee Joer ausgesat hat. Ale Buer. Mann, voll lescht Joerdausend! Hanne bei enger Fielswand kënnt d’Waasser erausgelaf, eng Quell eeben, et spruddelt, blubb blubb blubb. Do virdrun ass ee grousst Becken, mat Sand um Buedem a Steng an esou, an do dra wunnt de Goldie elo.

Roland Meyer: Monster Malya

Roland Meyer: Monster Malya

Monster Malya
Kannerbuch fir erwuesse Leit

Täschebuch
156 Säiten

ODL 207
ISBN 978-2-87967-264-9

Lëtzebuergesch

16,90 € inkl. Mwst.
Jetzt einkaufen

Kategorie: Neues Buch, Neuigkeiten Stichworte: 2023, Neit Buch, Roland Meyer

Footer

Kontakt

  • Facebook
  • Instagram
  • YouTube
  • LinkedIn
  • Mail
  • Manuskripteinsendung
  • Newsletter

Webshop

  • Allgemeine Geschäftsbedingungen
  • Bezahlen und Versand
  • Datenschutz
  • Shop
    • Mein Konto
    • Mein Warenkorb

Abonnieren Sie unseren Newsletter

Datenschutz & Cookies: Diese Website verwendet Cookies. Wenn du die Website weiterhin nutzt, stimmst du der Verwendung von Cookies zu.
Weitere Informationen, beispielsweise zur Kontrolle von Cookies, findest du hier: Cookie-Richtlinie

© 2023 · Op der Lay s.à.r.l. · Impressum