Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kuerzgeschichten
Lëtzebuerger Buchpräis 2014
Europäesche Literaturpräis 2016
Op der Lay 174
2013, 2. Oplo 2016, 128 Säiten
ISBN 978-2-87967-194-9
2013 krut de Gast Groeber fir seng Kuerzgeschicht „Eng Duerfidyll“ e Präis am Nationale Literaturconcours. A mat där Geschicht fänkt och dem Gast Groeber säi Buch „All Dag verstoppt en aneren“ un, wou 9 Kuerzgeschichte vun him publizéiert sinn.
All Dag, dee virun deem aneren an deen hannendrun, all Dag ass Alldag: en Dag voller Erënnerungen un déi virdrun an en Dag voller Gefiller fir déi duerno.
All Dag geschitt eppes, an dofir ass all Dag no deem virechten a virun deem nächsten eisen Alldag.
Am Gast Groeber sengen néng Kuerzgeschichten entdecke mer verschiddenst Leit, déi jiddereen op iergendeng Manéier en Dag erliewen, deen hiren Alldag verännert.
Seng Geschichte spigelen dat modernt Lëtzebuerg vun haut, souwuel déi Kuerzgeschichten, déi hei spillen wéi och déi am Ausland, well mir hautesdaags vill ënnerwee sinn. Och d‘Sprooch ass zäitgeméiss a mat senger 3. Publikatioun bei Op der Lay weist sech ëmmer méi, datt de Gast Groeber zu deenen Auteuren zielt, déi ganz bewosst beim Schreiwen d‘Lëtzebuerger Realitéit literaresch verschaffen.
Mat „All Dag verstoppt en aneren“ huet de Gast Groeber 2014 de Lëtzebuerger Buchpräis gewonnen an 2016 souguer den Europäesche Literaturpräis.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.