Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannertheater-Roman
illustréiert vum Renée Weber
Op der Lay 524
2002, 2. Oplo 2003, 160 Säiten
ISBN 978-2-87967-093-5
Dem Kinnek säi Gaart ass dat zweet Buch fir Kanner vum Roland Meyer. De Roland Meyer ass Schoulmeeschter an 2000 ass dat Stéck als Kannertheater mat engem immens grousse Succès opgefouert ginn. Grad wéi a sengem éischte Buch Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo) huet de Roland Meyer ëm dëst Theaterstéck e Roman geschriwwen, wou eng Schoulklass grad dëst Stéck prouwe soll, wéi de Philippe een neie Kolleeg fënnt, dee vun e puer aus der Klass erpresst gëtt. Dobäi komme fir dem Philippe seng Famill och nach Problemer mat der Bomi, well déi ganz krank ass. Mä och dëst Buch huet de Roland Meyer mat vill Humor geschriwwen, hie kennt d’Schoul, d’Schoulmeeschteren, d’Kanner an hir Elteren aus Erfarung an hie weess, datt et ausser deenen onerfreeleche Momenter dach nach e ganze Koup lëschteg Afäll an der Schoul an am Liewe ginn.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.