Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannertheater-Roman
illustréiert vum Renée Weber
Op der Lay 527
2003, 2. Oplo 2006, 154 Säiten
ISBN 978-2-87967-103-1
De Roland Meyer ass Schoulmeeschter an 2002 ass dat Stéck als Kannertheater mat engem immens grousse Succès opgefouert ginn. Grad wéi a sengen zwee Bicher virdrun Eng Foto vum (Klëppel)Krich (3. Oplo) an Dem Kinnek säi Gaart (2. Oplo) huet de Roland Meyer ëm dëst Theaterstéck e Roman geschriwwen, wou d’Schoul mol eng manner grouss Roll spillt, mä dem Philippe seng Famill op enger Vulkaninsel Vakanz mécht. Nodeem et scho schwéier genuch war, fir iwwerhaapt nach de Fliger ze kréien, kéinnt et eng richteg Erhuelung sinn, wann net nach zimlech vill passéiere géif an do mécht de Philippe no enger richteger Detektivaarbecht eng Entdeckung, déi leider guer net sou erfreelech ass.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.