Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Di opstännisch Geerwer voa Wooltz
Theaterstéck an 2 Akten
Op der Lay 164
2011, 80 Säiten
ISBN 978-2-87967-174-1
2009 war Première vum Marco Schank sengem Theaterstéck Däiwelskapp zu Eschduerf. No deem groussen Erfolleg huet sech de Weeltzer Gesank och fir e Stéck vun deem Auteur intresséiert an de 26. Mäerz 2011 war du Première vun deem zweeten Theaterstéck De Lederbarong. De Josy Putz, deen och d’Musek fir 10 Lidder an dësem Stéck geschriwwen huet, huet et an de Wëltzer Dialekt iwwerdroen, well et Enn vum 19. Joerhonnert zu Woltz (Wooltz) spillt.
Et handelt vun enger ekonomescher Kris, well a Friddenszäite manner Lieder gebraucht gëtt. Dofir iwwerleeë sech d’Patroën, fir Aarbechter ze entloossen oder d’Léin erofzesetzen. Am Salon Maria, wou eng Italo-Lëtzebuergerin Glace verkeeft, kommen d’Aarbechter zu der Decisioun ze streiken. Dee Streik gëtt och en Erfolleg, mä e Saboteur stécht eng Fabrik a Brand. De Mäerten, en Aarbechter, deen op der Schaff een Aarm an deem Betrib verluer hat, gëtt verdächtegt, mä dee kann et net gewiescht sinn, well en zu där Zäit zu Dikrech war. Och hei léisst de Marco Schank also eng Krimihandlung afléissen. D’Aarbechter kréien de Brand geläscht, mä et ass d’Jenni, dem Fabreksbesëtzer Kartheiser säi Meedchen, dat de Fall zum Schluss léise kann. D’Jenni ass an de Pir, e Brauereiaarbechter verléiwt, an et wëllt studéiere goen, wat zu där Zäit awer nu guer net erwënscht war. Mä hatt kritt sech duerchgesat!





Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.