Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Gëscht, haut … a möer?
D’Entwécklung vun eisen Deerfer unhand vun enger Kuurzbeschreiwung
mat 55 s/w-Fotoen
Op der Lay 801
1992, 106 Säiten
Buch iwwert d’Problematik vun eisen Dierfer vun engem, deen en eigentlech wësse muss. Zënter Januar ’94 ass de Marco Schank Buergermeeschter vun der Heischter Gemeng an zënter Februar ’99 ass en och an der Chamber. Hie war och fir puer Joer Minister fir Nohaltegkeet.
Déi grouss Ëmstrukturéierung vun den Dierfer an de leschte Joren, d’Gefor, datt se just nach zu Schlofuertschafte verkommen, wou ee just nach wunnt, well d’Bauland an de Stied ze deier gouf, d’feelend Infrastrukturen an de klengen Uertschaften wéi Buttek oder Dokter a vill aner Gedanke vermësche sech mat Erënnerungen an dem historeschen Hannergrond am Marco Schank sengem Buch. Dozou ass det mat 55 schwaarzwäiss Fotoen illustréiert.
Jiddereen, dee sech an der Gemengen- oder Landespolitik engagéiert, méisst dat Buch op d’mannst eemol gelies hunn. Mä och all Mënsch, deen un engem liewegen Duerf interesséiert ass, fënnt an deem Buch e puer Ureegungen.
De Marco Schank huet awer elo net einfach e puer statistesch an historesch Fakten zesummegedroen, mä dat, wat e schreiwt, huet e ganz literareschen Hannergrond.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.