Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kandheet a Jugend am 2. Weltkrich
En Duerfjong aus dem Éislek erënnert sech
Op der Lay 812
2013, 288 Säiten, haard Deckelen,
17,5×24,5 cm
ISBN 978-2-87967-189-5
De Nicolas Feider wollt an de Kolléisch goen, mä leider ass den 2. Weltkrich ausgebrach an hei zu Lëtzebuerg huet alles changéiert. Et goufe ganz laang Joren, bis et souwäit war, dass en endlech huet däerfe weider studéieren. Mir ginn a sengem Buch wierklech villes aus sengem Duerf, nämlech Léifreg, a senger Ëmgéigend gewuer. Mä natierlech huet de Krich eist ganzt Land betraff an a 74 Kapitelen kréie mir déi ganz Entwécklung mat.
Mä de Feider Nuckes gëtt eis awer zugläich och en Iwwerbléck, wat an deene Joeren och am Ausland passéiert ass. Sou eegent sech dat Buch och ganz gudd als Geschichtsbuch, well et vun 1933-1945 déi politesch wéi och déi militäresch Entwécklung am Krich opzeechent.
Mat Fotoen aus senger privater Kollektioun ass den Text illustréiert an zum Schluss fënnt een och nach 50 Säite Bäiluechten vun Artikelen, déi den Nicolas Feider fir verschidden Zeitungen geschriwwen hat.
De Nicolas Feider schreiwt an engem ganz verständleche Stil. Säi Léifriger Dialekt ass guer kee Problem bei der interessanter Lektür vun dëser dach schwéierer Zäit, mä mécht seng Erzielung nach méi authentesch.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.