Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Geschichte fir Kanner
faarweg illustréiert vum Pascale Junker
Op der Lay 513
1998, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2008,
76 Säiten, 3 Hefter + 1 Molbuch
ISBN 978-2-87967-127-7
Bei der éischter Publikatioun fir Kanner sinn dräi Geschichten entstan, déi an dräi Hefter drastinn. Dobäi koum nach e Molheft mat Illustratiounen aus de Geschichten, déi d’Kanner faarweg mole kënnen. Déi véier Hefter sinn zesummen an enger Folie ageschweesst.
D’Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. A wat hatt net erliewt, erfënnt hatt dann einfach. Hei fannt Dir dann d’Geschichten „Am Huesestot“, „Schockelasbotterfangeren“ an „Hexen a Kamellen“. All Geschichte si vu vir bis hanne faarweg illustréiert.
A fir déi Kanner, déi nach Geschichte vum Zoe héieren oder liese wëllen: et gëtt nach een zweet Buch bei Op der Lay. D’Zoe, Draachen a Siweschléifer (2. Oplo) huet och nach dräi Geschichten a och e Molheft, kënnt awer mat haarden Deckelen.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.