Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Geschicht fir Kanner
faarweg illustréiert vum Pascale Junker
Op der Lay 515
1998, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2008, 20 Säiten
ISBN 978-2-87967-065-2
Bei der éischter Publikatioun fir Kanner sinn dräi Geschichten entstan, déi an dräi Hefter drastinn. Dobäi koum nach e Molheft mat Illustratiounen aus de Geschichten, déi d’Kanner faarweg mole kënnen. Déi véier Hefter kritt Dir als Dem Zoe seng Geschichten zesummen natierlech méi bëlleg, mä och eenzel sinn se ze kréien.
D’Zoe ass e klengt Meedchen, wat gär Geschichten erzielt. A wat hatt net erliewt, erfënnt hatt dann einfach. Hei fannt Dir dann d’Geschichten „Am Huesestot“, „Schockelasbotterfangeren“ an „Hexen a Kamellen“. All Geschichte si vu vir bis hanne faarweg illustréiert.
A fir déi Kanner, déi nach Geschichte vum Zoe héieren oder liese wëllen: et gëtt nach een zweet Buch bei Op der Lay. D’Zoe, Draachen a Siweschléifer (2. Oplo) huet och nach dräi Geschichten a och e Molheft, kënnt awer mat haarden Deckelen.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.