Beschreibung
Sprooch: Lëtzebuergesch
Kannerbuch
faarweg illustréiert vum Renée Weber
Op der Lay 523
2000, 2. Oplo 2005, 3. Oplo 2011, 80 Säiten, haard Deckelen
ISBN 978-2-87967-084-3
De Willi Wull, e Maulef, huet d’Nues erausgestreckt a kuckt sech an engem Gaart no beim Stauséi ëm. An do gesäit e jo net d’Susi, eng kleng Kanéngchen, déi an engem Käfeg agespaart ass. Well hie gläich an déi léiw Kanéngche verknallt ass, mécht hien elo alles, fir d’Susi aus deem Gefängnis erauszekréien. Dat geet natierlech net, ouni dass d’Mënschen dat gesinn. A si kommen sech es net zou, datt do op eemol riseg Hiwwelen entstinn an drënner Risentunnellen. Wat muss do e Monster liewen! A sou kënnt alles ugerannt: vun den Noperen iwwert d’Televisioun bis zum Saurierforscher, an alles wéinst dem Willi Wull! Eng léiw, mä och spannend Geschicht iwwert dee schlauen a staarke Maulef, mä wéi se ausgeet, verrode mer awer net!





Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.