Beschreibung
„Wat ee beim Raumen net alles erëmfënnt“ kann een och beim „neien“ CD vum Gollo soen, well en Tounband ouni Beschrëftung huet sech als e Matschnëtt vum „Gigollo“-Programm aus dem Joer 1986 erausgestallt, wéi de Gollo mam Luc Hoffmann an dem Bert Theis deemools op enger klenger Tournee (z.B. Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Kënzeg …) mat Lidder vu sengen éischten 3 LPen a Gedichter aus sengem Buch „dat lest“ ënnerwee war. An deemools huet dat nach zimlech vill am Weeltzer (Wëltzer) Dialekt geklongen.
Am Ënnertitel steet „20 Stécker ouni Stecker“ – „unplugged“ géif een haut soen – an dem Gollo seng Lidder an Adaptatioune klénge mat der akustescher Gitar sécher méi chansonméisseg. Dobäi kënnt dat musikalescht Talent vum Luc Hoffmann, dee Picking a Slide op der Gitar kann, Mandolinn spillt an och nach heiansdo zweet Stëmm séngt. Well eng Rei vun deene Lidder just op LP erschénge waren, ass et sécherlech och en Zäitdokument, wann ee se elo op CD erëm oder nei entdecke kann.
Text a Musek vun alle Lidder: Robert Gollo Steffen
ausser:
„Dofir gung ech nik fort voa Kautebaach“: Text a Musek: Pat Cooksey (The Reason I Left Mullingar), Lëtzebuerger Adaptatioun: Robert Gollo Steffen
„Isleker Leed“: Musek: trad. / arr. Robert Gollo Steffen
„D’Fregdeskand“: Text a Musek: Walter Liederschmitt, Lëtzebuerger Adaptatioun: Robert Gollo Steffen
„Konveniat“: Musek: Walter Liederschmitt, Text: Robert Gollo Steffen
„Meedchen aus dem Éislek“: Text a Musek: Bob Dylan (Girl From The North Country), Lëtzebuerger Adaptatioun: Robert Gollo Steffen
„King Of The Fairies“: trad. / arr. Robert Gollo Steffen
Texter vun de Lidder mat den Akkorde fënnt een op www.gollo.lu
Museker:
Robert Gollo Steffen • Voc, akustesch Gitaren
Luc Hoffmann • akustesch Gitar, Mandolinn, Slidegitar, Voc.
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.