D’Walfer Bicherdeeg waren dëst Joer ee grousse Succès fir eis a mir gratuléieren dem Claudine Muno vu ganzem Häerze fir de Buchpräis 2023 an der Kategorie “Literatur”! “Dëst ass net säi Liewen” kënnt Dir natierlech bei eis am Webshop bestellen. Am Webshop sinn och elo direkt 3 nei Bicher, déi mir elo am Hierscht erausbruecht hunn an déi sécherlech di richteg Lektür fir di kal Hierscht- a Wanterdeeg sinn. […]
2023
Neit Kannerbuch fir erwuesse Leit: Monster Malya vum Roland Meyer
Den 23. Abrëll 2023 um “Fest vum Buch” zu Beetebuerg am Schlass hu mir dem Roland Meyer säin neit Buch “Monster Malya” virgestallt. Elo ass et bei eis am Webshop a geschwënn och an de Librairien. Et handelt sech, wéi och scho beim “Tel Mo”, em ee Kannerbuch fir erwuesse Leit. Firwat bass de heihinner […]