Et sinn d’70er Joeren an engem Duerf am Zentrum vum Land. Jiddereen huet seng Plaz. Déi schonn ëmmer am Duerf gewunnt hunn, bestëmmen, wat richteg a wat falsch ass, déi aner, déi nei, déi friem mussen sech upassen oder se hunn et schwéier. Esou war et nach ëmmer an esou soll et och ëmmer bleiwen. […]
