Lëtzebuerger Buchpräis 2012 (Bild- a Konschtband)
D’Henriette Nittel liwwert eis e Portrait vun engem vun deene Leit, déi wéinst dem Stauséi zu Esch-Sauer hu missen an den 1950er Joeren hiert Haus am Sauerdall verloossen, well do haut zig Meter Waasser driwwer stinn. De Léon Hoffmann hat säi ganzt Liewen zu Lëltz ënne bei der Sauer verbruecht an du huet et op eemol geheescht, sech en anert Doheem ze sichen. Mat ganz ville Fotoen aus dem Léon Hoffmann senger Privatkollektioun gëtt eng vun deene wichtegste Periode vum Lëtzebuerger Land erëm präsent an et versteet ee sécher och besser, wéi wichteg datt haut dat Stauséigebitt fir Lëtzebuerg ass.
De Mann aus dem Séi gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis 2012 an der Kategorie “Bild- a Konschtband” ausgezeechent.
Die Autorin Henriette Nittel portraitiert einen der letzten Bewohner des Sauertals, die in den 1950er ihr Zuhause aufgeben mussten, weil der Stausee bei Esch/Sauer gebaut wurde und deshalb das Tal geflutet wurde. Léon Hoffmann hatte bis dahin sein ganzes Leben in Lultzhausen unten nahe des Sauerufers verbracht und musste sich damals eine neue Heimat suchen. Mit ganz vielen Fotos aus Léon Hoffmanns privater Sammlung wird eines der wichtigsten Kapitel der Entwicklung des Luxemburger Landes aufs Neue präsent und man versteht die Wichtigkeit des Stauseegebiets für Luxemburg sicherlich besser.
Der Mann aus dem See wurde mit dem Luxemburger Buchpreis 2012 in der Kategorie “Bild- und Kunstband” ausgezeichnet.
Henriette Nittel nous dessine le portrait d’un des derniers habitants de la vallée de la Sûre qui ont dû quitter leur foyer lors de la construction du barrage d’Esch-sur-Sûre dans les années 1950. Léon Hoffmann avait passé sa vie entière à Lultzhausen au bord de la rivière Sûre. Beaucoup de ses photos nous montrent un des chapitres les plus importants de l’histoire contemporaine du Luxembourg et on comprend beaucoup mieux l’importance de ce réservoir d’eau au Nord du Grand-Duché.
L’homme du lac s’est vu attribuer le Prix du Livre luxembourgeois 2012 dans la catégorie “beaux-livres”.