Mir freeën eis Iech en interkulturellen an interdisziplinären Projet vun openscreen asbl virzestellen, aus dem e Buch an e Soundtrack ginn ass. D'Texter an d'Illustratiounen (Collagen) si vum Claudine Muno an de Soundtrack vum polnesche Kompositeur Michal Pepol, deen Original-Opnahmen aus de Stroossen vu Lëtzebuerg an seng Kompisitioun mat agebaut huet. Den Text selwer ass a ville Sprooche geschriwwen, all Personage benotzt seng eegen, sief et lëtzebuergesch, fransésich, däitsch, englesch ...
Bestellen kënnt Dir dëst Wierk direkt bei openscreen asbl, ënnert dësem Link: https://openscreen.lu/store/Roff-book-by-Claudine-Muno-p624649796
Hei en Extrait aus dem Buch:
Pétange is a fucking ghetto. Huet een zu Péiteng op der Gare un d’Mauer gesprayt.
Qu’est-ce que ça veut dire?, freet d’Mémé. De Boy muss hir et haart virliesen.
Je sais ce que c’est qu’un ghetto.
Wou d’Mémé jonk war, do goufen et nach richteg Ghettoen, guer net esou wäit ewech vun hei.
Mais je ne comprends pas pourquoi on écrirait une chose pareille. Et en plus il y a une erreur là-dedans.
Am Fong steet do: Petange is a fucking getto.
Et ass de Beweis: Péiteng ass esou Ghetto, dass emol kee weess, wéi ee Ghetto schreift. Firwat kënnt iwwerhaapt en „h” hannert dem „g”? Well et soss e Jetto wier? De Boy huet dach keng Anung.
D’Mémé bleift einfach do stoen, virun der Mauer, obwuel et reent, a si stuerkt op d’Schrëft, wéi wann et e Konschtwierk an engem Musée wier.
Dobäi ass et emol kee besonnesch gudde Graffiti, et gesäit éischter aus wéi eng Kritzelei, déi een op enger Schoultoilette hannerléisst.
Bouge un peu, Mémé, tu as les pieds dans le pull.
De Wee bis bei d’Gare nennen se de Schwaarze Wee. De Boy hat ëmmer gemengt, et hätt eppes domadder ze dinn, dass d’Leit hei mat hiren Hënn Gassi ginn a keen sech d’Méi mécht, fir d’Kéip dono opzehiewen. Dofir reent et warscheinlech ëmmer hei, dës Plaz huet hiren eegene Mikroklima.
De bestännege Reen ass déi eenzeg Méiglechkeet, fir d’Hondskéip ewechzespullen, fir d’éischt an d’Kanalisatioun, dono an d’Chiers an um Enn an den Ozean.
Oder villäicht war et wéinst den Eisebunnsaarbechter, déi fréier moies an owes duerchkoumen, mat hire Gesiichter schwaarz vum Damp vun de Lokomotiven, deen och d’Fassade knaschteg gemaach huet an d’Wäsch, wann se zum falsche Moment am Gaart houng.
Mee dat stëmmt net. A Wierklechkeet war de Wee fréier just e Pad aus Bulli, an deem d’Männer mat hire Stiwwele stieche bloufen. Fir besser virunzekommen, haten se op der ganzer Längt Kuelë gestreet. Ënnert hire Féiss goufen d’Kuelen zu Stëbs a wann si dann doheem vergiess haten d’Schong auszedoen, hunn si e schwaarze Wee duerch d’ganz Haus getrëppelt.
Ier d’Eisebunn am Ufank vum Joerhonnert heihi koum, gouf Péiteng „das schmutzige, kleine Dorf neben Linger” genannt. Een Awunner huet notéiert, dass hien hei enges Daags esouguer e Päerd gesinn hätt, bis zum Bauch am Bulli stiechen.
Si ton oncle voyait ça, il se retournerait dans sa tombe.
D’Mémé schwätzt vum Graffiti, net vun den Hondskéip.
Dat ass zimmlech onwarscheinlech. Dem Boy säi Monni Eugène souz de gréissten Deel vun sengem Liewen op senger Plaz beim Kichendësch mam Nol vun sengem Domm Figuren an d’Holz ze ritzen; et gouf kee Grond, firwat dass hien ausgerechent an sengem Graf op eemol sollt aktiv ginn.
Laisse tomber, Mémé. En plus, c’est même pas vrai.
Je sais très bien ce que ça veut dire „fucking”, mais je ne vois pas le rapport.
C’est pour dire que Pétange c’est vraiment très très ghetto. C’est un superlatif.
Firwat gebraucht een iwwerhaapt de present continuous vum Verb „fuck” fir vill ze soen? Esou eppes kréien si am Engleschcours ni erkläert.
Allez, on y va, Mémé, ça schiff.