Book Release vun der neier BD Här a Meeschter vum Marc Angel den 18.06.2024

Book Release vun der neier BD Här a Meeschter vum Marc Angel den 18.06.2024

Op der Lay an d'Frënn vun der 9. Konscht invitéieren Iech häerzlechst op eng Buchpräsentatioun an Diskussioun en Dënschden, den 18. Juni 2024 an der Abtei Neimënster um 19:00 Auer owes.

Organiséiert gëtt den Evenement vum Institut Pierre Werner, méi Informatioune fannt Dir op hirem Internetsite: 

https://www.ipw.lu/de/events/har-meeschter-eng-bd-vum-marc-angel-iwer-de-kleppelkrich/692

Ufank vum 19. Joerhonnert, iergendwou an den Ardennen. E puer Joer virdrun huet de Buergermeeschter vun engem klengen Duerf un deem Opstand géint d'Truppen vum Napoléon deelgeholl, deen ënnert dem Numm Klëppelkrich (guerre des gourdins) an d'Geschicht goung. An der Tëschenzäit huet hien sech ëmgedréit fir sech der neier Muecht z'ënnerwerfen. Wann d'Fransouse vu senger Vergaangenheet sollte gewuer ginn, géif dat fir hien d'Guillotine bedeiten. Bis elo leeft alles gutt fir hien a seng zwee Gesellen, awer e fréiere Waffenkolleg, deen am Bësch verstoppt lieft, kënnt säi Spill opfléie loossen.
Am Gespréich mam Gérard Floener stellt de Marc Angel seng BD vir an de Sonja Kmec beliicht déi historesch Hannergrënn vun der BD.
De Marc Angel ass Illustrateur a BDs-Auteur ("De Schëmmelreider vun Useldeng", "Schichtwiessel", "De Jas" (Szenario J-L Schlesser) "De Jas kënnt zréck" (id) "Schortgen" (Szenario Charel Meder). Seng Zesummenaarbecht mam Samuel Hamen, "Zeeechen", gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Säi lescht Wierk "La Mauvaise heure" (Szenario J-L Schlesser) ass beim franséische Verlag Mosquito erschéngen a gouf vun der franséischer a belscher Press eenhelleg gelueft.
D'Sonja Kmec (gebuer 1976) huet zu Paräis-Sorbonne, Glasgow, Durham an Oxford Geschicht studéiert. Zënter 2010 ass si Professesch am Fakultéit Geschicht vun der Uni Lëtzebuerg mat engem Fokus op Kulturgeschicht.
Back to blog