Den 2. Juli 2025 um 19:00 Auer präsentéieren d'Frënn vun der 9. Konscht hiren neien BD-Band aus der Réi "De Rescht vun der Geschicht".
Address: NEIMËNSTER, 28 RUE MÜNSTER, LUXEMBURG-GRUND
Entrée: 10 €.
Tickets an Informatiounen op ipw.lu.
Mëtt vum 10. Joerhonnert, an Uewerloutrengen. Ee jonken Eedelmann, Sigfrid genannt, begéint op der Juegd engem jonke Meedchen, dat amgaangen ass, sech an de Welle vun der Uelzecht ze bueden. Et ass den Ufank vun enger grousser Léift. De Grof ass gewinnt, dass seng Wënsch an Erfëllung ginn, mee dat jonkt Meedche mécht him et net esou liicht, wéi hie sech dat erwaart hat. Fir kënne bei him ze sinn, baut de Sigfrid säin neit Doheem do, wou si sech fi r d‘éischt begéint sinn.
De Marc Angel ass Illustrateur a BDs-Auteur. Seng Zesummenaarbecht mam Samuel Hamen, „Zeeechen“, gouf mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. Den leschten Album „La Mauvaise heure“ (Szenario J-L Schlesser) gouf vun der franséischer a belscher Press eenhelleg gelueft.
De Kodji ass 2D-Animateur, Artist, Moler an Illustrateur.
De Pit Péporté ass Historiker a Gérant vun Historical Consulting (h-c.lu). Hien huet zu Edinburgh studéiert an huet duerno als Fuerscher geschafft. Hien enseignéiert niewelaanscht op der Universitéit Lëtzebuerg.