Chris Warszta, Frank Muno & Joël Rollinger
Bilansgespréicher
Bilansgespréicher
Dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant gefillt
Out of stock
Couldn't load pickup availability
Product details
Product details
- Texter op Lëtzebuergesch
- 1. Oplo 2017
- Haard Deckelen, 104 Säiten
- ISBN 978-2-87967-227-4 | ODL 186
- Sprooch: Lëtzebuergesch
Bilansgespréicher ass eng Sammlung vun Texter aus der Fieder vum Chris Warszta a Fränk Muno, an deem si dem Lëtzebuerger Alldag op den Zant fillen. Dobäi beliichte si eng ganz Rei vun typesche Situatiounen, déi deene meeschte vun eis net onbekannt wäerte virkommen. Mol méi kritesch an nodenklech, an da rëm sou déck opgedroen, datt en sech e Schmunzelen net verknäife kann, knäppe si sech vir, wat hei am Ländche sou leeft. Dobäi huelen si och mol sech selwer an déi jonk Generatioun op d’Schëpp. Sou ergëtt sech eng erfrëschend Mëschung aus méi batteren, awer och ganz lëschtege Situatiounen, déi op kleng a grouss Mëssstänn opmierksam maachen.
All Text gëtt vun enger Illustratioun am «Urban Art»-Stil completéiert, déi op authentesche Plazen zu Lëtzebuerg an Zeen gesat ginn ass. D’Duerstellunge reeche vu Wandmolereien iwwert opgekleistert Zeechnungen bis hin zu kënschtlereschen Installatiounen, déi de Joël Rollinger realiséiert an de Fränk Muno an enger Foto festgehalen huet, ier se nees iwwermoolt oder ewechgeholl si ginn. Esou hunn d’«Bilansgespréicher» och e bëssen d’Nues vun engem Kënschtlerkatalog kritt.

Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.