Skip to product information
1 of 1

Marco Schank

De Lederbarong

De Lederbarong

Di opstännisch Geerwer voa Wooltz

Regular price €8,00 EUR
Regular price Sale price €8,00 EUR
Sale Sold out
Tax included. Shipping calculated at checkout.

In stock

Product details

  • Theaterstéck 
  • 1. Oplo 2011
  • Broschür, 80 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-174-1 | ODL 164
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

Theaterstéck vum Marco Schank

2009 war Première vum Marco Schank sengem Theaterstéck Däiwelskapp zu Eschduerf. No deem groussen Erfolleg huet sech de Weeltzer Gesank och fir e Stéck vun deem Auteur intresséiert an de 26. Mäerz 2011 war du Première vun deem zweeten Theaterstéck De Lederbarong. De Josy Putz, deen och d’Musek fir 10 Lidder an dësem Stéck geschriwwen huet, huet et an de Wëltzer Dialekt iwwerdroen, well et Enn vum 19. Joerhonnert zu Woltz (Wooltz) spillt.

Et handelt vun enger ekonomescher Kris, well a Friddenszäite manner Lieder gebraucht gëtt. Dofir iwwerleeë sech d’Patroën, fir Aarbechter ze entloossen oder d’Léin erofzesetzen. Am Salon Maria, wou eng Italo-Lëtzebuergerin Glace verkeeft, kommen d’Aarbechter zu der Decisioun ze streiken. Dee Streik gëtt och en Erfolleg, mä e Saboteur stécht eng Fabrik a Brand. De Mäerten, en Aarbechter, deen op der Schaff een Aarm an deem Betrib verluer hat, gëtt verdächtegt, mä dee kann et net gewiescht sinn, well en zu där Zäit zu Dikrech war. Och hei léisst de Marco Schank also eng Krimihandlung afléissen. D’Aarbechter kréien de Brand geläscht, mä et ass d’Jenni, dem Fabreksbesëtzer Kartheiser säi Meedchen, dat de Fall zum Schluss léise kann. D’Jenni ass an de Pir, e Brauereiaarbechter verléift, an et wëllt studéiere goen, wat zu där Zäit awer nu guer net erwënscht war. Mä hatt kritt sech duerchgesat!

View full details
  • Free shipping from 29- €

    You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.

  • Safe and easy

    Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.

  • Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work

    You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.