Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten
Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten
Product details
Product details
- Roman
- 1. Oplo 1999
- Haart Deckelen, 438 Säiten
- ISBN 978-2-87967-063-8 | ODL 124
- Sprooch: Lëtzebuergesch
- Iwwersat vum Henri Muller
Roman vum Nikos Kazantzakis, an d’Lëtzebuergescht iwwerdroe vum Henri Muller
Alexis Zorbas (gelies: Sorbas), sou heescht die Mann, dien den Nikos Kazantzakis, dien als ee vun diene beschte moderne Schrëftsteller aus Griichenland ugesi gëtt, an d’Weltliteratur agoe gelooss huet. Säi Buch, dat am Joer 1946 fir d’éischt publizéiert gouf, hat en immens grousse Succès an ass och mam Anthony Quinn an der Haaptroll verfilmt ginn. Och dem Mikis Theodorakis seng Filmmusek ass bis haut an der ganzer Welt bekannt.
En Intellektuellen, dien un der kretescher Fielseküst e puer Kuelegrouwen exploitéiere wëllt, engagéiert den Alexis Zorbas als Viraarbechter. Tëschent dienen zwéin entwéckelt sech eng ongewéinlech Frëndschaft. De Patron gesäit am Zorbas säin eegent Ideal, wat e selwer ni erreeche kann, an ass séier vun diem Mann ouni Bildung beandrockt, dësem “wonnerbare Fréisser, Sëffer, Aarbechter, Fraejeeër a Vagabond”, wéi den Nikos Kazantzakis de Zorbas, dien en 1917 kennegeléiert hat, a sengem Bréif un de Greco beschreiwt. De Zorbas schaimt vu Liewen an ass souzesoen d’Géigestéck zum intellektuelle “Pobeierfrësser”.
De Professer Henri Muller, die sougutt am Al- wéi am Neigriicheschem doheem ass, huet dëse Roman an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen, andeems e besonnesch och op dat Typescht an eiser Sprooch Wäert geluecht huet. Et ass eng ganz eegen Iwwersetzung, well en Dem Alexis Zorbas säi Liewen a seng Uluechten (Vios kai Politeia tu Alexi Zorbà) direkt aus dem neigriicheschem Original an d’Lëtzebuergescht gesat huet. Den Henri Muller bréngt et domadder fäerdeg, datt dat Wierk vun der Weltliteratur och ee Stéck vun eiser eegener Literatur gouf.
Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.