Skip to product information
1 of 1

Renée Weber

Eng Maus am Haus

Eng Maus am Haus

Regular price €10,00 EUR
Regular price Sale price €10,00 EUR
Sale Sold out
Tax included. Shipping calculated at checkout.

In stock

Product details

  • Kannerbuch
  • 1. Oplo 2015
  • Täschenbuch, 44 Säiten
  • ISBN 978-2-87967-212-0 | ODL 554
  • Sprooch: Lëtzebuergesch

Kannerbuch vum Renée Weber

faarweg illustréiert vun de Kanner aus der Heischter Kannerstuff

Lëtzebuerger Buchpräis 2016 (Kanner- a Jugendliteratur)

«Net all Maison Relais huet d’Chance, eng Geschichtenerzielerin bei sech schaffen ze hunn», schreiwt Ghislaine Feinen am Virwuert an erkläert, wéi et zu deem Kannerbuch hei kommen ass. D’Renée Weber, wat mat senge Bicher D’Ann Spann an de Rolfi Raup (4. Oplo), Alles wéinst dem Willi Wull (3. Oplo), Muhna Lisa (2. Oplo), Dem klenge Felix seng grouss Rees (2. Oplo), Wou ass de Sam?, Bommel an De Bopi Néckel fiert an d’Vakanz eng immens grouss Erfarung bei den Texter wéi och bei den Illustratioune sammele konnt, huet sech eng Geschicht ausgeduecht an d’Kanner aus der Heischter Kannerstuff hu fir déi Geschicht Biller gemoolt.

Et ass eng spannend, mä och lëschteg Geschicht, wou d’Kanner op eemol mierken, datt nuets, wa si net do sinn, eng Mausmamm mat hire Kanner op der Sich ass, fir eppes ze frupsen ze fannen. An och dem Noper seng Kaz Luigi ass keng grouss Hëllef. Mä kuckt Iech mol selwer un, wéi flott déi Zesummenaarbecht tëschent der Kannerbuchautorin an de klengen Illustrateure verlaf ass.

2009 krut d’Renée Weber fir säi Buch Dem Klenge Felix seng grouss Rees de Lëtzebuerger Buchpräis bei de Kannerbicher an 2016 krut et dee Präis an der Kategorie Kanner- a Jugendbuch nach eemol fir Eng Maus am Haus.

View full details
  • Free shipping from 29- €

    You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.

  • Safe and easy

    Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.

  • Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work

    You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.