Ënner Bridder
Ënner Bridder
Product details
Product details
- Roman
- 1. Oplo 2024
- Täschebuch, 196 Säiten
- ISBN 978-2-87967-273-1 | ODL 212
- Sprooch: Lëtzebuergesch
D’ Chronik erzielt, am Kader vun engem Lëtzebuerg dat sech nom Krich nei erfënnt, d’Schicksaler vu véier Bridder vun enger Famill aus dem Norden vum Land. D’ Zäitspan geet vun direkt nom Krich bis an d’Uechtzeger.
- Den Aloyse, deen an eng politesch Karriär gedréckt gëtt, deen awer weder d’ Moyenen vu sengen eegenen Ambitiounen nach vun deenen vu sengem Entourage huet.
- De Charel ass senger frommer Mamm hire Fiffi. Hie gëtt Priister an schingt eng schéi Karriär bis an déi héichste Sphären vun der kathoulescher Hierarchie viru sech ze hunn.
- Den Néckel ass dee mat de schlechte Kaarten. Hien huet d’ Gefill datt hien ëmmer de Kierzeren zitt.
- De Jos, dee Jéngsten, ass clever an opportunistesch. Hie fënnt a jonke Joren en hedonistesche Léiermeeschter. Spéider huet hien zwou Obsessiounen: Fraen a vill Geld verdéngen.
D’Erzielperspektiv ass déi vun deem deen Alles weess. Allerdéngs stellt deen Alleswëssenden wärend de 27 Episoden all Kéier op eppes Spezielles schaarf dat méi mat deem engen oder deem anere Personnage vun der Chronik ze dinn huet.
Déi 27 Episoden a Schicksaler sinn duerch en zentrale Plot mateneen verbonnen. Et soll e Sittebild mat typesch lokalen Aspekten entstoen.
Doriwwer eraus misst sech déi heite Fro stellen: beherrsche mir onst Liewen, decidéiere mir eigentlech selwer wat mat eis geschitt oder ass dat just eng Illusioun ënnert villen aneren?
Extrait:
"Weess de, wat de Problem mat der Wourecht ass?“, seet de Jos. „D’Wourecht ass e Problem, wann s de just e Stéck vun hir erausfonnt hues an du mengs, du häss se ganz. Well, Justin, d’Fro, déi s de stelle muss, ass déi hei: gëtt et iwwerhaapt esou eppes ewéi eng ganz Wourecht? Wou muss de ophale bei der Sich no der Wourecht? All Stéck Wourecht huet eng Vir-geschicht, all Virgeschicht huet eng Geschicht, an déi stellt ëmmer erëm op en Neits deng Wourecht a Fro.“
Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.