Cosimo Suglia
Roserei
Roserei
In stock
Couldn't load pickup availability
Product details
Product details
- Roman
- 1. Oplo 2025
- Täschebuch, 144 Säiten
- ISBN 978-2-87967-281-6 | ODL 215
- Sprooch: Lëtzebuergesch
Eng Statu, déi all Dag anzwousch aneschters am Duerf optaucht. Dem Bo säi Papp seet, dass se futuristesch ass.
Ee Manifesto méi spéit sëtzen den Bo, de George an d'Kamila am Cours a kréien en neie Geschichtsproff: den Duchamp. Dass méi dohannert stécht, ass jo kloer, soss wier et keng Geschicht, déi et derwäert wier, erzielt ze ginn.
Geschichten erzielen ass, wat de Bo, de George an d'Kamila wollten, eppes erliewen. Dass si dobäi d'Zilscheif vun engem Trio vu gutt gekleeten Afe ginn, war (natierlech) net mat ageplangt.
Am Hannergrond ginn d’Sireenen.
Dem George geet de Schweess aus. Eng gro Loft zitt laanscht seng Haut. Se kristalliséiert de Schweess géint säi Kierper. Dass seng Longen net nëmme brennen, mee zerbréckele wéi Origami an den Hänn vun engem Kand, mierkt de George net.
De George huet näischt méi wouergeholl, säit hie vun der Ënnerstad an d’Uewerstad gerannt ass.
Ausser d’Sireenen.
An d’Gepëspers.
Dat éiwegt Gepëspers, wat sech nees an nees duerch d’Stroossen zitt, wann eppes hei passéiert. Wéi wann de Goudron an de Bëtong an de Pawee net hir Schnëss kéinten halen.
Wéi wann d’Stad Wäschfra gi wier.








Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.