Roland Meyer
Um Horizont
Um Horizont
Roman
In stock
Couldn't load pickup availability
Product details
Product details
- Roman
- 1. Oplo 2025
- Täschebuch, 448 Säiten
- ISBN 978-2-87967-284-7 | ODL 217
- Sprooch: Lëtzebuergesch
SYNOPSIS:
An de franséischen Alpe ginn zwou Fraen ëmbruecht. Direkt steet fest, wien de Mäerder soll sinn, de Manuel Esposito, ee Schwäizer Assurancebeamten. An och d’Motiv schéngt kloer: Jalousie.
Wéi den Esposito dann awer onerwaart aus dem Prisong fräigelooss gëtt, well en, esou schéngt et, een Alibi huet, ass et op eemol net méi kloer, wat wouer a wat falsch ass.
D’Niki, eng Lëtzebuerger Léierin, déi sech - och wéi et schéngt – zu Roum an eng vun deenen zwou Frae verléift hat, geréit elo an de Fokus vum Esposito.
Dat ass d’Dréibuch, aus deem d’Sam wëllt ee Film maachen.
Soll et en Documentaire oder eng Fiktioun ginn?
Wéi vill Wouerechte gëtt et a kann eng dovu besser, an domat méi wouer wéi déi aner sinn?
Huet net grad deen déi wouer Geschicht, deen d’Muecht huet?
EXTRAIT:
Als Kand souz ech dacks do uewen an de Bierger, sot d’Maria, hu vun do aus op d’Mier gekuckt, wou Himmel, Sand a Waasser sech iergendwou am Ongewësse vermëschen. Den Horizont war ni eng kloer Linn, e war keng definéiert Plaz, mam Boot konnts du en net erreechen. Et war fir mech d’Gebuergenheet vun der Zukunft, do, wou ech wollt sinn, mat menge Wënsch an Erwaardungen, Dreem an Hoffnungen. An ech wousst schonn deemools, sollt ech eng Kéier um Horizont ukommen, da wär alles anescht wéi geduecht, well d’Welt an der Tëschenzäit eng aner gi wär.

Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.