Vergissmeinnicht
Vergissmeinnicht
Eng Geschicht aus der Rundstedt-Offensiv a 25 Joer duerno
Product details
Product details
- Roman
- 1. Oplo 2024
- Täschebuch, 140 Säiten
- ISBN 978-2-87967-280-9 | ODL 214
- Sprooch: Lëtzebuergesch
Zu Dierbelt am Éislek soll am Dezember 1969 e Monument ageweit ginn, fir un d’Rundstedt-Offensiv ze erënneren. Amerikanesch Veterane sinn invitéiert, an och en däitschen Hauptmann, e fréiere Wehrmachtszaldot. Eng Initiativ, déi Protest am Land ausléist. An da gëtt den Hauptmann erschoss. De Commissaire Bertemes enquêtéiert.
Hie gëtt drun erënnert, wéi de Krich am Wanter 1944/45 an d’Éislek zeréckkoum a gëtt gewuer, wat fir e Verbriechen d’SS deemols gemaach haten. An dat op e Verrot hin, deen ni opgekläert gouf. Lues a lues erweist et sech, dass och d’Identitéit vum Hauptmann eng aner ass, wéi déi, déi hien uginn hat. Wollt ee sech um Hauptmann rächen? De Bertemes kënnt kaum weider mat senger Enquête. An och mat sengem Liewen an enger Gesellschaft, déi sech ännert, an a sengem Stot, gëtt hien net méi richteg eens.
Um néng Auer huet hien all d’Dokumenter gesënnert an op klénge Päck um Büro verdeelt. Hie fänkt sech déi éischt Zigarett vum Dag, eng F6, un. An deem Moment rifft de Juge d’instruction vun Dikrech, de Brachmond, un. Och ee vun deenen Alen, déi gewéinlech op de Feierdeeg Déngscht maachen; en héifleche Mann, mat deem de Bertemes gutt eens gëtt. „Elo hu mir de Misär, dat hätt wierklech net misse sinn. Dee Preiss, dee vun Dierbelt, ass de Muerjen dout a sengem Zëmmer am Hotel Calmes fonnt ginn. D’Gendaarme vun Harel waren op der Plaz an hunn telefonéiert, et hätt een de Mann an de Bauch geschoss. Et wär besser gewiescht, deen Här wär doheembliwwen. Bon, elo ass de Schued geschitt, an Dir sollt Iech op Dierbelt d’Saach ukucke kommen.
Your advantages at Op der Lay
-
Free shipping from 29- €
You live in Luxembourg? Benefit from free shipping for orders over 29€. (You live outside of Luxembourg? No problem, shipping is free for orders over 40€) More information can be found here.
-
Safe and easy
Pay with the payment service of your choice. We accept a wide range of credit cards, Apple Pay, and PayPal to make shopping in our store as convenient as possible for you.
-
Our complete catalogue of over 30 years of independent publishing work
You buy directly from the publisher and have all our books from over 30 years of publishing work to choose from. To support us, you can subscribe to our newsletter to stay up to date with our work.